www.fokus.lu/media/presse-communique-fokus-op-de-sozialen-index/
Presse Communiqué – Fokus
Fokus wëll datt déi kleng a mëttel Akommes, bei enger Indextranche, méi wei déi aktuell 2,5% kréien (vun deenen haut just 1,9% Netto bei 3000 € Brutto am Portmonni landen). Mir wëllen e sozialen Index, deen a Richtung vun den héijen Akommes progressiv erof geet a fir déi déif, méi héich ass wéi déi aktuell 2,5%. Ënnert dem Stréch géife méi wei 90% vun de Stéit vun dësem Mechanismus profitéieren. Et ass e Richtungswiessel zu méi sozialer Gerechtegkeet a Solidaritéit.