Verluere Joren, verpasste Chancen
D´Steierdebatt an der Chamber ass dee leschte politeschen Héichpunkt virum Summerlach. Eng Occasioun fir d’Chambersparteie fir alt nees méiglechst glafwierdeg ze erklären, dass een den aktuelle Steiersystem eigentlech net gerecht fënnt a villes ze maachen ass. E Constat deen all puer Joer gemaach gëtt, ouni dass sech déifgräifend eppes ännert oder konkret Propose gemaach gi wéi een dat dann ännere kéint.
Fokus huet an der Debatt em den Index als eenzeg Partei e sozialen Index an d’Gespréich bruecht an domat eng couragéis Propose op den Dësch geluecht, déi de System vun ënnen no uewe komplett reforméiert a méi gerecht mécht. Een Index dee ronn 90% vun de Stéit netto méi abréngt wéi den aktuelle System an de Kafkraaftverloscht do kompenséiert wou en am meeschte wei deet.
An deem Kontext si mir der Iwwerzeegung, dass eng gläichzäiteg automatesch Upassung vun der Steiertabell een zousätzlech positiven Effekt huet op Louna Steiergerechtegkeet zu Lëtzebuerg. Mir fuerderen dofir nieft dem sozialen Index bei all Indextranche eng automatesch Upassung vun der Steiertabell. Dat fir géint déi sougenannte kal Progressioun virzegoen. Wann des Upassung parallel zu engem sozialen Index stattfënnt, ass si sozial gerecht a kompenséiert de Kafkraaftverloscht vun der gesamter Mëttelschicht.
Donieft fuerdere mir déi gesamte Steierlandschaft op de Leescht ze huelen a méi Gerechtegkeet ze schafen: net d’Bestietnis mee d’Persounen déi een doheem betreit mussen eng Roll spillen, eng méi héich Besteierung am Fall vum Verloscht vun engem Partner muss evitéiert ginn a generell muss de Steiersystem vereinfacht ginn.
Et gi vill Schrauwen ze dréien. Dass déi lescht Upassung vun der Steiertabell mëttlerweil méi wéi 5 Joer zeréckleit, weist dass d’Politik d’Thema vill ze laang schleefe gelooss huet. Et ass héich Zäit ze handelen. Net well d’Summerlach virun der Dier steet mee well d’Lach am Portmonni vu ville Leit ëmmer méi grouss gëtt.