Déi lescht Woche vun der Campagne

02/10/2023by Frank Engel0
  • Méindeg, den 2. Oktober moiens
  • FOKUS brauch Är Stëmmen !
  • Fir d'Handwierk !
  • Firwat am Fong keng Fra?
  • Sachlech Debatt
  • Leschten Effort

Lescht Woch Campagne. Dës Campagne ass vergaange wéi am Fluch, a mir hunn eist Bescht ginn. Dat maache mer och nach bis e Sonndeg. Dann huet, no ville Kandidatinnen a Kandidaten, de Wieler d’Wuert. A säi Wuert ass dat lescht Wuert.

Mir begéine ganz vill Leit, déi eis soen: Dir sidd intressant. Dir hutt gutt Iddien. Mee dir maacht den Ënnerscheed net. Ech gesinn dat ganz anescht.

Déi eenzeg nei Partei am Konkurrentefeld si mir. D’Fräiheetsjünger sinn iwwerhaapt keng, VOLT an déi Konservativ trieden embryonal un a kënne guer net iwwerall gewielt ginn, d’KPL gëtt et schon éiweg, d’Piraten an hir Messagerie si laang bekannt. An déi grouss Parteie souwisou.

Joerzéngte laang hu véier Parteien zu Lëtzebuerg regéiert. Eraus koum déi Situatioun, an däer mer sinn. Kee Probleem geléist. Wunnéngsbau an dramatescher Verfassung, ee wierkleche Sécherheetsprobleem, Duercherneen an der Schoul, katastrofal Zoustänn op de Stroossen, Mobilitéit net assuréiert, Mangelwirtschaft an de Spideeler. Sollen déi, déi dat do alles ze veräntwerten hunn, elo stënterlech ganz aner Usätz, ganz nei Iddien, ganz frësch Virstellungen hunn? Si hunn se net.

Mir hunn annerhalleft Joer FOKUS opgeriicht. Honnerte Memberen a Sympathisanten hunn dobäi matgemaach. Mir hunn ee kompletten, usprochsvolle Programm a Kandidatelëschten, déi sech viru kengem musse verstoppen. FOKUS ka Politik. FOKUS wëllt d’Politik zu Lëtzebuerg wierklech veränneren. An dat gëtt et esou just bei eis.

Bei eis gëtt et keng pauschal Scholdzouweisungen, mee Propositiounen an Iwwerzeegungen. Bei eis geet et ëm d’Saach, ëm déi néideg Verännerungen an der Politik. FOKUS wielen heescht deemno, wierklech den Ënnerscheed ze wielen. Nei Politik? Just mat eis!

Ech héieren a liesen, datt Leit sech soen: wann’s de déi do wiels, da stäerks de Gambia. Also, net dat westafrikanescht Land, mee d’Koalitioun aus DP, LSAP an déi Gréng. Dat ass net wouer. Am Géigendeel.

D’Koalitioun gëtt just gestäerkt, wann een hir Membere stëmmt. Wann ee FOKUS stëmmt, kritt ee FOKUS. A mat eis an der Chamber gëtt egal wéi eng Regierung ee gutt Stéck besser kontrolléiert, wéi dat elo de Fall ass.

Ech hu keng Anung, wéi enk d’Resultat e Sonndeg gëtt. Et ka gutt sinn, datt et fir näischt zu zwee duer geet, oder esou just, oder eben esou just fir d’Koalitioun. Eis NET ze stëmmen, hëlleft also NET. Et hëlleft deenen net, déi de Regierungsdräier wëllen ofléisen, an et hëlleft deenen net, déi eis gären an der Chamber hätten.

Mir hunn ëmmer gesot, an ech widderhuelen et: sollt et op eis ukommen, si mir bereet, fir mat anere Parteien ze schwätzen an ze verhandelen. Kënnt et net op eis un, geet et fir eng Koalitioun zu zwee oder zu dräi ouni eis duer, géife mer gär am Parlament op d’Politik awierken an eise Programm do an d’Institutiounen abréngen.

Wee FOKUS wëllt, muss FOKUS wielen. Well ouni eis an der Chamber gëtt guer näischt besser.

Gëschter hate mer Walversammlung zu Bartréng, nees eng Kéier mat intresséierte Wieler, déi net scho bei eis an der Partei sinn. Dat u sech ass schon flott – bei deenen anere kanns de déi “normal” Wieler, déi net Kandidat oder Member sinn, eigentlech ëmmer op enger Hand zielen, bei eis brauch een der e puer 🙂

Niewent Froen, déi dacks erëmkommen, Logement, Sécherheet, war et gëschter esou, datt d’Handwierk eng ganz prominent Stellung hat. Dat entsprécht absolut eiser Programmatik – och do, wou mer soen, datt fir d’Orientéirung an déi Richtung, an och a Richtung vun de Fleegeberuffer, eise biergerlechen Déngscht eng grouss Roll ka spillen.

D’Handwierk brauch Orientéirung, konsequent Promotioun, an entspriechend Ausbildung bis op een héige Niveau. Anescht wéi Veräiner, fir déi den Asaz sech drop reduzéiert, datt ee Meeschterbréif soll mat engem Bachelor gläichgestallt ginn, wëlle mir allen Handwierker nei Perspektive bidden. Meeschter=Bachelor déngt der Majoritéit vun den Handwierker näischt, an ass och just nees eng Geldfuerderung, déi just beim Staat eppes heescht. Mir mussen ewech vun der penibler Bedéngung vun den Eegenintresse vun e puer Leit, déi eng bestëmmte Plaz net kruuten, well se keen Diplom hunn. Mir brauchen ee breede Mouvement vu gesellschaftlecher Unerkennung fir handwierklech Beruffer an Aktivitéit!

Ech hu scho schrecklech vill méi dacks een Handwierker gebraucht, wéi een Handwierker mech. An et ass eng nobel Saach, Schräiner, Elektriker, Schlässer ze sinn – oder eppes ganz anescht am handwierkleche Beräich. Mir hätte gär, datt d’Gesellschaft d’Handwierk net just respektéiert, mee datt Jonker a grousser Zuel Intérêt um Handwierk mat op de Wee kréien. An sech fir eng handwierklech Carrière entscheeden. Dat geet just, wa mer eis eens sinn, datt een Handwierk näischt manner ass, wéi een Unisdiplom. Datt et och kann een Unisdiplom sinn, ass eng aner Pist – awer just eng vun hinnen.

Gëschter an der Debatt tëschent deene véier “grousse” Spëtzekandidaten an -innen war et nees Thema: gëtt eng Fra Premierministesch zu Lëtzebuerg? Ech fannen ëmmer méi, datt et duerfir Zäit géif.

Do geet et jo ëm ee Symbol an och ëm ee Prinzip: natierlech soll eng Fra endlech emol an der héchster politescher Funktioun vum Land ukommen. Eng Chamberpresidentin gouf et schon – allerdéngs och just eng! – eng Staatsministesch nach net. An et geet natierlech drëm, ob dann eng Fra do ass, déi dat gutt géif maachen. Ech mengen, souwuel d’Paulette Lenert wéi d’Sam Tanson kéinten dat. A wéi an den Debatten däitlech gëtt: wuel och nach besser wéi d’Spëtzekandidate vun CSV an DP.

Ech sinn zimlech sécher, datt déi zwou Fraen een éierleche Wëllen hunn, fir d’Land zum Besseren ze veränneren. An dorëms geet et. Meng Partei wëllt dat och, FOKUS ass genee duerfir gegrënnt ginn. Mir géifen duerchaus där éischter Fra un der Spëtzt vun der Regierung wëllen derbäi hëllefen, datt d’Liewen zu Lëtzebuerg a rondrëm fir déi gréisstméiglech Zuel vu Leit besser gëtt, wéi et haut ass.

Gëschter hunn de Sven Clement an ech eis dee leschten RTL-Tëlee-Face-à-face vun der Walcampagne geliwwert. Eng agreabel Diskussioun, och well mer an der Saach net himmelwäit ausernee leien.

Et ass schrecklech frustrant, datt eenzel Parteien, déi och scho laang regéiert hunn, a Saache Logement nu iwwerhaapt keng Iddien hunn. Op jidde Fall keng, déi de Problem kéinte léisen. E bëssen un de Steieren dréien, a scho geet et? NEEN, dat geet net, an dat hu mer elo 30 Joer laang erlieft!

Ech hoffen, datt mir eis Iddien nom Sonndeg kënnen an den Institutiounen abréngen. Ganz éierlech: dat wir gutt fir d’Land. An all déi, et sinn der schrecklech vill, déi d’Flemm mat der Politik hunn, well einfach näischt geschitt, kéinte mat enger Stëmm fir eis ee wichtegt Zeeche setzen. De Stëllstand muss iwwerwonne ginn. Dat huet näischt mat der Zuel vun de Parteien an der Chamber an an der Regierung ze dinn, mee domat, datt se ee Projet hunn. Mir hunn deen.

Am Fong hu mer jo all d’Impressioun, et géif Zäit, datt et Sonndeg gëtt. Net, well da fräi ass, mee well endlech gewielt gëtt. Jo, och d’Kandidate freeën sech drop, datt et Sonndeg gëtt. Mee irgendwéi huet een ëmmer d’Impressioun, et misst een awer nach irgend eppes weider maachen, eppes méi, eppes, wourun een nach net geduecht hat…

Ech weess net, wéivill Wielerinnen a Wieler sech am allerleschte Moment entscheeden. Kéint een déi elo nach mat irgend enger spannender Aktioun erreechen? Een Drëttel vun hinnen hu wuel scho gewielt, Bréifwal ass och dës Kéier nees hei am Kurs. An dee leschten Drëttel entscheed sech anscheinend ganz spéit…quasi an der Walkabin. Also musse mer nach eppes maachen 🙂

Et ass Donneschdeg owend. Et bleiwen eppes iwwer 50 Stonnen, fir nach Wieler ze iwwerzeegen. Muer de Moie kann ee mir, wann ee wëllt, nach eng Kéier bei RTL um Radio nolauschteren, an engem face-à-face mam Roy Reding. Duerno sinn ech zu Esch um Maart, e Samsdeg op deem an der Stad. Duerno, e Samsdeg vun 10 Auer un, maache mer nach ee ganz laange facebook-live mat ville Kandidaten, op amüsant Manéier…an da gëtt et Sonndeg. Wien es nach net genuch huet, ass séier wëllkomm, eis op de leschte Metere vun der Campagne ze begleeden!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

contact@fokus.lu

Kontaktéiert eis iwwer EMAIL
Eis Büroen sinn op vun
Méindes - Freides : 9:00 - 17:00
Samschdes a Sonndes si mir zou
Eis Adress
69, rue de l'Êglise
L-4552 Niederkorn
contact@fokus.lu

WebMaster Gary Kneip & Claus Nehring

Fokus Newsletter