Lëtzebuerg wielt dëst Joer. Alleguer déi Fraen a Männer, déi Statsbierger vun eisem Land sinn, décidéieren den 8. Oktober driwwer, wien si an der Chamber soll vertrieden. An domat schlussendlech driwwer, wéi eng Parteie sech a wéi enger Stäerkt kënnen zesummefannen, fir zesummen eng Majoritéit am Parlament ze hunn an eng Regierung ze bilden.
D’Wal dëst Joer ass keng wéi déi aner. Si fënnt a schwieregen, onstabillen Zäite statt. Bis den 8. Oktober wäerte sech Parteien, déi zesumme laang regéiert hunn, mat aneren ausernee sëtzen, déi dat nach ni gemaach hunn, oder laang net méi, oder déi et bei der leschter Chamberwal nach guer net gouf. FOKUS ass esou eng.
Mir sinn déi jéngst vun de Parteien, déi sech den 8. Oktober der nationaler Wal wäerte stellen. Mir maachen dat aus der Iwwerzeegung, datt Lëtzebuerg e neien Ulaf brauch, e frësche Start, e groussen Usproch. Datt et net méi duergeet, fir Problemer ze beschreiwen an ze verwalte, mee datt se endlech musse geléist ginn. Datt déi, déi dat elo zéng Joer net fäerdeg bruecht hunn, an déi, déi et do virdrun net fäerdeg bruecht hunn, et och an deene nächste fënnef Joer net wäerte packen. Op jidde Fall net alleng.
FOKUS trëtt den 8. Oktober u fir d’Politik zu Lëtzebuerg ze veränneren. An der Aart a Weis an am Stil. Mee virun allem och an den Inhalter, an den Uluechten, an der Dynamik, am Wëlle fir wierklech Verännerungen erbäi ze féieren. FOKUS huet Mënschen zesumme bruecht, déi eng Feststellung deelen: dat, wat Politik haut zu Lëtzebuerg leescht, geet net duer. Mir wëllen eise Beitrag derzou leeschten, datt déi ganz grouss Schantercher vum Land endlech kënnen an Ugrëff geholl ginn – ouni Scheiklappen, ouni Tabu, an ouni bëllege Populismus.
Mir wëllen an dësem Programm erkläre, fir wat mir stinn a wat mir wëllen. Dat musse mer, well mer dozou nach ni d’Geleeënheet haten. Dat wëlle mer, well mer iwwerzeegt si vun eisen Iddien a Virstellungen, a Loscht hunn, se mat deenen anere Parteien ze diskutéieren. Virun allem wëlle mer se mat Iech diskutéieren.
FOKUS wëllt eng Politik mat éierbare Resultater. Duerfir brauch een éierbar Methoden. Simpel Attacken op de politesche Géigner, perséinlech Urempelungen an Ënnerstellungen, einfach Scholdzouweisunge sinn net eis Saach. Kee kann a kee wäert dëst Land alleng regéieren. Fir datt et besser regéiert gëtt, muss zesummegeschafft ginn. Iwwer all 31-29 oder 29-31 Logik eraus, an engem neie Konsens iwwer dat absolut Wiesentlecht a Noutwennegt, dee just kann am géigesäitege Respekt a mat enger gudder Mooss Kooperatiounsbereetschaft erreecht ginn.
FOKUS wëllt Debatten ustoussen an zesumme mat anere Léisunge fannen, déi bis elo net fonnt goufen. Mir si radikal éierlech. Mir sinn iwwerzeegt, datt et näischt bréngt, Interessien a Besëtzstänn vun haut ze schounen an domat d’Chance vun de Generatioune vu muer a Fro ze stellen. Mir wëllen eng modern Demokratie, Innovatioun do, wou et dréngend néideg ass, Fortschrëtt do, wou e bis elo aus falsche Grënn verhënnert gouf. Mir wëllen all Méiglechkeeten notzen, déi fir d’Verbesserung vun de Liewensëmstänn existéieren. Mir wëlle Weeër goen, déi op bestoende Kaarte net agezeechent sinn, well gefaart gouf, se ze beschreiden.
Eng sëllegen politesch Skandaler hu vill Vertrauen an d’Politiker an allgemeng an d’Politik kascht. Ideologesch Konfrontatioune maachen déi politesch Debatt ëmmer méi steril. D’Parteien orientéieren hir Programmer ëmmer méi nom geréngsten elektorale Widderstand. Si brénge kaum nach robust Propositioune fäerdeg, mat deenen d’Wierklechkeet kéint positiv verännert ginn, mee erginn sech an der Verwaltung vun de bekannte Problemer a Schwieregkeeten. Dëst mam Resultat, dass Problemer net geléist gi, mee sech mat der Zäit verschäerfen: Logement, Mobilitéit, Klima, Schoul- a Familljepolitik, Sécherheet a vill aner Themeberäicher verlaangen staark Äntwerten op laang bestoend Problemer. Dëse Programm soll dofir net nëmmen d´Politik iwwer déi nächst 5 Joer definéieren, mee doriwwer eraus Pisten opzeechnen, déi nohalteg a laangfristeg d´Liewen vun de Leit verbesseren.
Mir sinn der Iwwerzeegung, datt eng aner Politik méiglech ass. Eng déi versicht all d’Mënschen am Land ze erreechen, an si mathëlt. Eng, déi däitlech mécht, datt de Rechtsstaat sech net a Fro stelle léisst, an datt jiddereen an der Gesellschaft net just Rechter, mee och Flichten huet, an datt jiddereen och een Deel Verantwortung fir all déi aner dréit.
Eng, déi Engagement fërdert, sief et an der Famill, am Veräin, an der Suerg ëm déi méi Schwaach oder an der kommunaler a nationaler Politik. Eng Politik, déi eng wierklech Biergergesellschaft entstoe léisst, déi sech net iwwer Konsum definéiert, mee iwwer Participatioun.
FOKUS steet fir eng Politik, déi d’Verantwortung vu jidderengem ënnersträicht a stäerkt. Fir eng Politik, déi d’Biergerinnen an d’Bierger zu den Haaptacteure vun hirem Liewe mécht, amplaz se wéi Konsumenten ze behandelen. Fir eng Politik, déi net mat Gadgeten a Sloganen operéiert, mee mat Inhalter a kloeren Usoen. Mir wëllen en neie Wee aschloen. Mir wiere frou, wann Dir mat Ärem Vertrauen an Ärer Stëmm dëse Wee géift fräischëppen. Mir wëllen zesummen un dat selwecht Zil.
Gerechtegkeet ass déi zentral Fro vun eiser Zäit. Mënsche verlaange no Gerechtegkeet. Si muss duerfir déi grondleeënd Suerg vun der Politik sinn. Zevill Mënsche fille sech ongerecht behandelt, siche Schold a Schëlleger do, wou se mengen, datt d’Hand opgehalen an sech zervéiert gëtt. Dës Impressioun ass fatal fir d’Politik.
Gerechtegkeet ass och eng zentral Fro vun der Demokrati. Déi amerikanesch Onofhängegkeetserklärung seet: all Mënsche si gläich u Rechter gebuer. An anere Wierder: keen huet der méi zegutt, a kee manner. Kee soll sech eraushuele wat em net zousteet, a kee muss sech mat manner zefridde gi wéi en zegutt huet.
Mir sinn als Mënsche gläich u Rechter, mee mir sinn net all d’selwecht an déi selwecht. Duerfir kënnen, dierfen a sollen et Ënnerscheeder ginn. Gerechtegkeet awer muss jidderengem zoustoen. Wa Mënschen aus der Gesellschaft praktesch erausfalen, well Prekaritéit hiert Recht op Participatioun erdréckt, wa se sech dës Deelnam net kënne leeschten an op eng Kéier ze midd sinn, fir sech gesellschaftlech nach wëllen ze bedeelegen, wa se net méi wiele gi, well se net méi gesi, wéi Politik nach eppes zum Positiven un hirer Situatioun kéint veränneren, da ginn net nëmme si krank. Da gëtt eis Demokrati krank.
FOKUS wëllt eng gerecht Gesellschaft zu Lëtzebuerg. Dat ass op alle Pläng wouer, a bal an all Beräich vun der Politik kënne mer noutwenneg a richteg Verbesserunge bewierken, wa mer eise Kompass no der Gerechtegkeet ausriichten.
Gerechtegkeet bedeit, datt jiddereen zu Lëtzebuerg kann anstänneg wunnen. Nëmmen da kann och jiddereen anstänneg liewen.
Gerechtegkeet bedeit, datt jiddereen, deen zu Lëtzebuerg wëllt schaffen, dat ka maachen, an et mat senge familiäre Realitéiten a Verflichtungen ënnert een Hutt kréien. Et bedeit och, datt ee Mënsch, dee schafft, net säi Liewe verléiert, fir et ze verdéngen.
Gerechtegkeet bedeit, datt de Loun vun der Aarbecht duergeet, fir en dezent Liewe kënnen ze féieren. Et bedeit, datt Aarbecht an Zukunft manner besteiert gëtt, a Kapital an aner Produktiounsfakteure méi, fir datt méi Leit besser vun hirer Aarbecht kënne liewen.
Gerechtegkeet bedeit, datt mer net haut déi Ressource verbëtzen, déi d’Generatioune no eis brauchen. D’Klimaneutralitéit vun eiser Wirtschaft an eiser Gesellschaft ass net eng Optioun – si ass eng Noutwennegkeet. Gerechtegkeet heescht Nohaltegkeet.
Gerechtegkeet bedeit, datt jiddereen an eiser Gesellschaft kann a Sécherheet liewen a sech och sécher fillen. All Mënsch huet een Usproch op ee Liewen a Sécherheet a Schutz virun all Form vu Gewalt, bei sech doheem, op der Strooss, a sengem Quartier, op senger Aarbechtsplaz. All Kand huet deen Usproch géigeniwwer vu sengen Elteren an anere Persounen, deenen et uvertraut ass. Een Déier huet deen Usproch vis-à-vis vun de Mënschen.
Gerechtegkeet bedeit, datt eis Gesondheetsversuergung esou opgebaut ass, datt jiddereen zu Lëtzebuerg bannent verstänneger Zeit déi medizinesch Betreiung kritt, déi e brauch – ouni mussen zousätzlech Ausgaben op sech ze huelen, fir bestëmmte Leeschtungen anerwäerts akafen ze goen.
Gerechtegkeet bedeit, datt mer ee Schoulsystem hunn, an deem all Kand an all schoulflichtege Jonken zu Lëtzebuerg optimal gefërdert, gefuerdert an orientéiert gëtt.
Gerechtegkeet bedeit, datt jiddereen zu Lëtzebuerg ouni iwwerflësseg Komplikatiounen a Schikanen a bannent verstännegen Délaien administratiiv Geneemegunge ka kréien, Accès zu erreechbare Verwaltungen huet an am Ëmgank mat reglementéierte Beruffer Rot an Erklärung do kritt, wou en se brauch.
Gerechtegkeet bedeit, datt mer d’Aarmut zu Lëtzebuerg eliminéieren. Kee soll mussen an eisem Land aarm sinn, duerch Accidenter vum Liewen oder anescht, a kee soll musse fäerten, datt en an Aarmut land an an Aarmut al gëtt.
Gerechtegkeet bedeit, datt Mënschen an Nout vu Lëtzebuerg a sengen Awunner Hëllef an Ënnerstëtzung kréien, ob dat bei eis ass oder wäit ewech.
Gerechtegkeet bedeit, datt all Mënsch, deen eis Nationalitéit huet, net nëmme ka wielen, mee sech och zu a fir Lëtzebuerg ka wiele loossen. Et bedeit och, datt mer deene ville Mënschen, déi bei eis liewen, schaffen a Steiere bezuelen, effikass Méiglechkeete vun der politescher Participatioun zu Lëtzebuerg ginn.
Mir hunn eise Walprogramm un der Fro an um Usproch no Gerechtegkeet orientéiert. De Programm ass a konkrete Propositiounen deklinéiert, déi kuerz argumentéiert ginn. Fir all Kapitel, fir all Iwwerleeung, fir all Begrënnung fannt Der zousätzleche Elementer op eisem Site, wou a Blog-Form de Programm erweidert a kommentéiert ass. Dëst erlaabt eis, ee liesbare Programm virzeleeën, dee sech ausschliesslech a konkrete Proposen artikuléiert. Gläichzäiteg kann all Intressent d’Geschicht hanner dem Programm nokucken. Dës Geschicht erweidert sech am Verlaf vun de Méint, si begrënnt an debattéiert eis Iddien a Virstellunge, wéi mer dat och géigeniwwer de Wieler wëlle maachen.
Et bleift een halleft Joer bis zu de Walen. Déi Zäit ka nei Erausfuerderunge bréngen, nei Léisungen undeiten, nei Weeër opdinn, fir un eis Ziler ze kommen. FOKUS wäert bis de Summer seng Iddien a Virschléi weider verfeineren, uräicheren an erklären. Konstant bleift iwwer déi Zäit: eis Virgoensweis ass déi vum grondleeënde Wandel. Pléischteren ass net eis Approche, Diskussioune vermeide net eise Stil. Mir vertrauen de Wieler, well mer wëssen: si wëlle méi, wéi d’Politik aktuell liwwert. Duerfir scheie mer och d’Kontrovers net. Mir hoffen, datt dës Eierlechkeet Iech kann derzou bréngen, Iech mat eise Proposen auserneen ze setzen an d’Gespréich mat eis ze sichen, esou wéi mir et wäerte mat Iech sichen.
D’Logementspolitik ass ee vun deene ganz grousse Schantercher zu Lëtzebuerg. Dat ass scho laang esou, an d’Situatioun spëtzt sech weider zou. Steigend Zënsen a Baukäschten hunn de Maart quasi zum Stoe bruecht, an eng regelrecht Logementskris steet kuerz virun der Dir. Ënner dësen Ëmstänn geet et net méi duer, mat Spëtzfënnegkeete wëllen ze hëllefen. Et gëtt ee grousse Worf gebraucht. Een, mat deem vill méi vill méi leeschtbare Logement entsteet, souwuel fir ze kafen, wéi fir ze lounen. Een, mat deem eng Offensiv agelaut gëtt, fir d’Bauwiesen zu Lëtzebuerg nees op Trab ze bréngen an Zengdausende Mënschen eng Perspektiv vu bezuelbarem Wunnraum ze ginn.
Och d´Bauen zu Lëtzebuerg muss drastesch méi séier a méi effizient ginn. All Prozeduren a Geneemegungen, déi fir de Bau gebraucht ginn, ouni Ausnam, mussen op de Leescht geholl an esou verännert ginn, datt se Baue fërderen a net verhënneren. Dat bedeit och ee radikaalt Iwwerschaffe vum Aménagementsgesetz vun 2014, dat sech als vëlleg kontraproduktiv erwisen huet.
FOKUS wëllt, datt den droit d’enregistrement op all Logementstransaktioun, déi fir privat Wunnzwecker geduecht ass, ofgeschaf gëtt. Domat ginn déi betraffen Objeten 6 Prozentpunkte méi präiswäert. Des Mesure soll plafonéiert sinn op eng gewëssen Zomm – si brauch sech net op dat regelrecht Luxussegment vum Immobiliemaart ze applizéieren.
Eng grondsätzlech Reduktioun vum TVA-Saz op all Bau, dee fir private Logement geduecht ass, op 3 Prozent. Dat wierkt de substantiell gestigene Präisser vun de Baumaterialien entgéint.
De Staat muss sech engagéieren, Logementsprojeten ze iwwerhuelen an se weiderdreiwen ze loossen. Nëmmen esou ka séchergestallt ginn, datt dëst an nächst Joer ausreechend gebaut gëtt, an dat zu engem verstännege Präis. Dat kann iwwer direkt Interventioun geschéien, iwwer d’Garantéiere vu Projeten bei de Banken oder op all aner effikass Manéier.
FOKUS proposéiert eng grouss ugeluechten emphyteotesch Bauoffensiv an deene Gemenge, wou eng substantiell Erhéijung vun den Awunnerzuele planeresch Sënn mécht. Do also, wou d’Ubannung un den ëffentlechen Transport, Infrastrukturen an Aarbechtsplazen existéieren oder enstinn. Mir wëllen, datt ee Plang opgestallt gëtt fir 50.000 Wunneenheeten op emphyteoteschem Terrain ze schafen.
D’Dauer vun der Emphyteos, déi aktuell tëschent 50 a 99 Joer läit, kann duerch Gesetz verlängert ginn, wann esou eng Démarche d’Akzeptanz vum emphyteotesche Wunnen erhéicht.
Souwuel um reguläre Wunnengsmaart wéi och op deem neien, emphyteoteschen, musse substantiell méi Lokatiounswunnengen entstoen. Dat vum aktuelle Wunnengsbauminister proposéiert Gesetz zum sougenannte Mieterschutz gehéiert zréckgezunn – et géif sech an héijem Mooss kontraproduktiv auswierken.
Et mussen Flächen ausgewise ginn, op deenen Tiny-Houses kënne plazéiert ginn. De SYVICOL sollt eng koordinéirend Roll bei de Gemenge spillen. Dat sollen néierens gigantesch Siidlunge gi, mee Raim, wou eng limitéiert Zuel vu Mënschen a Stéit kënne liewen.
D´Konzept vun Multi-Generatiounshäiser soll weider ausgebaut an ënnerstëtzt ginn.
FOKUS wënscht sech, datt d’Ëmwelt- a Naturschutzgesetzgebung esou iwwerschafft ginn, datt se bestoend mënschlech Präsenz an Aktivitéit nohalteg weider erlaben, an zukünfteg Bautätegkeet net praktesch verhënneren. Des betrëfft net nëmmen Wunnprojeten, mee Bauprojeten am Allgemengen.
Den Neibau ass haut mat esou villen Oplage beluecht, datt en net nëmme méi deier ass wéi e sollt sinn: e gëtt och ëmmer méi komplizéiert. D’Isolatiounsstandare si streng, et gi Wärmepompele verlaangt, modern Baute ginn ëmmer méi steril. Gläichzäiteg fale bestoend eeler Bauten aus der neier Konstruktiounslogik komplett eraus a riskéieren net méi fir Wunnkontrakter benotzt kënnen ze ginn – eng katastrofal Perspektiv bei däer baulecher Pénurie, déi sech zu Lëtzebuerg oofzeechent. FOKUS wëllt, datt bestoende Wunnraum weider ka genotzt ginn an d’Bauoplagen haut op dat reduzéiert gi, wat néideg ass. Obligatoresch Wärmepompelen, zum Beispill, kënnen an e puer Joer duerch aner technologesch Evolutiounen iwwerholl sinn.
D’Grondsteier muss op onbebautem Terrain an op ongenotzt bebautem Terrain bedeitend an d’Luucht goen. Si muss zu enger Steier op potenziellem Wunnraum ëmgebaut ginn, déi d’Net-Notze vu méiglechem Wunnraum erhieflech méi deier mécht. Op der eegener Wunneng an op lokativ zur Verfügung gestallte Wunnraum wëll FOKUS, datt d’Grondsteier ofgeschaf gëtt.
FOKUS wëllt, datt spekulativ Investitioune vu baussent der europäescher Unioun zu Lëtzebuerg verbuede ginn. D’Acquisitioun vu Land muss engem Zweck déngen, dee séier erfëllt gëtt: Wunnraum schafen oder Betriebsstrukturen opriichten. Wou net séier ee vun dësen zwee Zwecker kann a soll erfëllt sinn, däerf keng Acquisitioun vu Land méi stattfannen. Iwwer Investisseuren aus Drëttstaaten eraus soll dëst och allgemeng zu Lëtzebuerg gëllen. All Transaktioun iwwer Land soll un d’Erreeche vun engem Verwendungszweck gebonne ginn.
FOKUS wëllt Gerechtegkeet bei der Besteierung. Zu Lëtzebuerg, wéi an deenen allermeeschte Länner vun der sougenannter entwéckelter Welt, läit d’Haaptgewiicht vun de Steieren op der mënschlecher Aarbecht an dem Konsum vun de Mënschen. D’Steigerung vun der Produktivitéit berout awer net méi op dëse Facteuren, mee villméi op sollechen, déi bei der Besteierung keng Berücksichtegung fannen. FOKUS wëllt dat änneren.
Mir wëllen, datt am kommerzielle Beräich Roboter, automatiséiert Prozesser a kënschtlech Intelligenz an enger nach ze bestëmmender Form besteiert ginn. Dës Besteierung vu moderne Produktiounsfacteure ass eng vun de Grondlagen dofir, datt mënschlech Aarbecht ka manner besteiert ginn. Natierlech ass dat näischt, wat Lëtzebuerg alleng sollt maachen. Mee mir sollten et an Europa weiderdreiwen, a wann néideg heiheem eege Léisungen definéieren.
Wa mer dervunner schwätzen, datt Kapital soll besteiert ginn, an Aarbecht manner, da komme mer net laanscht d’Besteierung vu Finanztransaktiounen. Spekulativ Transaktioune mussen dëser Besteierung grad esou ënnerleie, wéi de regelméissege Rendement vum Kapital. Eng Besteierung vun dësen Transaktiounen am Promilleberäich géifen d’Auteuren an d’Beneficiairë vun den Transaktioune knapps wouer huelen. Mee si géife Milliarden an déi ëffentlech Keese spullen, déi fir de Finanzement vun dréngend benéidegte Leeschtunge kéinte genotzt ginn. Och hei gëllt: dës Besteierung sollt an engem gréissere Kader beschloss ginn, am léifste bannent der OECD. Wann néideg, musse mer selwer bereet sinn, dës Besteierung virzehuelen.
Mat deene Mëttel kann eng Grondsécherung am Alter finanzéiert ginn. Mat engem Grondakommes vun 1000-2000 Euro vu 65 Joer un léiss sech all Rent op een Niveau héijen, deen duer géing fir ouni Beiträg vun den Offices sociaux d‘Pensioun an den Altersheemer ze bezuelen. Dat ass och eng Fro vun der Würd vun eelere Leit.
Donieft wëllt FOKUS ee reforméierte Barème an eng reforméiert Steiertabell aféieren, déi regelméisseg inflatiounsberengegt ginn. Dat soll gläich um Ufank vun der Legislatur beschloss ginn. Zweck vun dëser Operatioun ass et, fir ënnescht Akommes wäitgoend steierfräi ze kréien (de Mindestloun ganz steierfräi) an d’Progressioun duerch déi mëttler Akommes ze bremsen.
De Regelsaz vum Impôt sur le revenu des collectivités soll op 20 Prozent erofgesat ginn, a gläichzäiteg eng eenheetlech raisonnabel Applikatioun fannen. Ee Gesetz soll d’Méiglechkeet vu steierleche Rulinge fir Gesellschafte mat international komplexer Kontabilitéit schafen, woubäi eng effektiv Besteierung muss séchergestallt sinn (12,5 Prozent).
Wa jiddereen am Land méi Altersgrondsécherung verlässlech kritt, wa jidderee manner Steieren an engem konstant inflatiounsberengegte Barème bezilt a wann d’Erhéijung vum Mindestloun an all déi kollektivvertraglech Ubannungen dovunner bäibehale ginn, da muss den Index eng sozial Reform erfueren.
Fokus wëll, datt eng Persoun mat engem Akommes, dat dem onqualifizéierte Mindestloun entsprécht, net nëmmen 2,5% brutto pro Indextranche bäikritt, mee 3%. Duerno geet dëse Wäert progressiv, a Funktioun vum Akommes, erof. Mat eiser Propos kréien ongeféier 93 % vun de Stéit méi aus enger Indextranche eraus, wéi dat haut de Fall ass.
FOKUS ass dergéint, datt duerch den aktuellen Indexmechanismus a seng Applicatioun d’Schéier tëschent deene klengen an deene grousse Léin permanent weider ausernee geet.
FOKUS hëlt un där dogmatescher Fixéierung op eng Staatsschold ënner 30 % vum PIB net deel. Déi Zuel huet keng vollekswirtschaftlech Grondlag. Et ass net esou, wéi wann eng Schold vu 29 % kee Problem wier an eng vun 32 % eng Katastrof. Schold fir lafend Dépensen opzehuelen, kann an däerf awer keng Optioun sinn. D’Ukéiere vun enger Verscholdungsspiral duerch regelméisseg ze héich Dépensen ass et, wat de souveräne Rating allgemeng, an den Triple A am besonneschen, a Gefor bréngt.
Et gëtt een erhiefleche Risiko vum Dérapage vun den ëffentlechen Ausgaben, während d‘Recetten net nokommen.
Duerfir fuerdert FOKUS, datt folgend Aktiounen direkt am Ufank vun der nächster Legislatur ënnerholl ginn:
De Staat muss potenziell nei Steierquellen erschléissen. Dat gëllt och fir d’Gemengen. Eng reforméiert Grondsteier, wéi am éischte Kapitel beschriwwë, kéint ee substanziellen Deel vun de kommunale Finanzen assuréiere, woumat Mëttelen aus staatleche Steiere fräi géifen, déi haut un d’Gemengen transferéiert ginn (aus der Akommessteier, der TVA, an der Autosteier). Déi reforméiert Grondsteier muss vun Ufank u vollëmfänglech gräifen, an net eréischt no e puer Joer – soss verfeelt se hiren Zweck esouwuel finanziell wéi zugonschte vum Logement.
Den Asaz vu private Sécherheetsfirmaen, fir iwwer d’Onméiglechkeet vun engem normalen an effikassen Asaz vun der Police ewechzetäuschen, leene mir strikt of. Mat FOKUS kënnt eng Aushillegung vum staatleche Gewaltmonopol net a Fro. Eng privat Sécherheetsfirma ass net de Staat.
Et brauch eng sënnvoll Kombinatioun aus:
Fir datt eng Reorganisatioun vun der Police wierklech funktionéiert, muss den Innenminister och Policeminister sinn. Dee kann dëse Corps a sengem Asaz uechter d’Gemengen am Land organiséieren a koordinéieren, zesumme mat de Buergermeeschteren, déi op hirem Gemengegebitt Inhaber vun der Policegewalt sinn. Poliziste mussen an deene Gemengen, an deene méi prekär Sécherheetslagen existéieren, verstäerkt zum Asaz kommen. Duerfir brauch et een Asazplang, dee mat deene betraffene Buergermeeschteren zesummen auszeschaffen an ëmzesetzen ass. Een Deel vum Policecorps sollt als kommunal Policekraaft agesat ginn, an den Inneminister sollt befugt a befäegt sinn, fir d’Beamte vun dësem Deel vun der Police duerch Delegatioun de Buergermeeschteren ze ënnerstellen, wann et ëm speziell a geziilten Asätz geet.
FOKUS wëllt méi Ulafstelle fir Affer vun all Forme vun haislecher Gewalt a Gewalt duerch Persounen, deenen hirer Autoritéit se ënnerstallt sinn. Vun do aus muss et konsequent zu enger Verfollegung vun de gemellte Strofdoten kommen. Dat gelt och a besonnesch fir sexuell Iwwergrëffer a Vergewaltegung.
All Gewaltuwennung géint Persounen, déi wëllentlech geschitt, muss prinzipiell mat Fräiheetsentzuch bestrooft ginn.
De Justizminister soll op d’mannst eng Kéier an der Legislatur an enger Ried zur penaler Politik festleeë, wat d’Regierung fir strofrechtlech Prioritéite wëllt setzen. Wou et néideg ass, si Gesetzännerungen ze proposéieren. Stroffräiheet fir Gewalttäter, och a besonnesch am Stot an an der Famill, däerf et net méi ginn.
Et däerf och keng Stroffräiheet oder just symbolesch Strofe fir Mënsche ginn, déi Déiere quälen a si hirer Gewalt a Vernoléissegung aussetzen. Déi applicabel strofrechtlech Bestëmmunge mussen an deem Sënn geännert ginn. E Mënsch, deen Haus- a Notzdéiere wëssentlech a wëllentlech leiden deet, muss mat effektivem Fräiheetsentzuch bestrooft ginn.
Sécherheet bedeit och Sécherheet am Ëmgang mam Staat. Dat ass d’Rechtssécherheet. Et ass dréngend néideg, datt eis Geriichter an d’Situatioun versat gi, méi séier a méi effikass ze décidéieren – an zwar och am Zivilrecht.
Wee Recht huet, soll bannent verstänneg kuerzer Zäit Recht kréien. Ween am Feeler ass, soll bannent verstänneg kuerzer Zäit seng Strof kréien.
Am Strofrecht wëllt FOKUS, datt fir onkomplizéiert Fäll mat standardiséierte Strofen eng “Comparution accélérée” agefouert gëtt, mat däer een Ugeklote bannent zeng Deeg zu sengem Prozess kënnt. Weider soll et méiglech ginn, penal Ordonnancen an esou Fäll ze spriechen, woubäi da kee Prozess néideg ass, ausser den Ugeklote freet deen.
Wann et néideg ass, muss en zousätzleche Rekrutementsplang fir d’Magistratur entwéckelt an zügeg emgesat ginn. FOKUS wëllt, datt an Zukunft d’Carrière vum Procureur a vum Riichter getrennt betruecht a fir si getrennt rekrutéiert gëtt, an datt Iwwergäng tëschent deene Carrière just nach no bestëmmte Conditiounen erfollechen.
D’Qualifikatioun vun de Magistrate muss och een Thema sinn: an der Wirtschafts- oder digitaler Kriminalitéit sinn, zum Beispill, Kenntnisser erfuerderlech, déi wäit iwwer ee reguläre Droitsstudium erausginn. Dës Kompetenze mussen d’Geriichter sech uneegnen, sief et um Niveau vun de Magistrate selwer, sief et um Wee vu spezialiséierten Assesseuren a Referendairen, déi musse kënnen ouni Restriktioun vu Nationalitéit rekrutéiert ginn.
Et muss kënne speziell Chambere geschaf ginn, déi aus fréiere Riichter a méiglecherweis och Affekote mat enger bestëmmter Anciennetéit bestinn, an déi fir festgeluechte Fäll kënnen zoustänneg gemaach ginn.
Grondsätzlech sollten d’Prozedure vum Friddensgeriicht ausgeweit ginn, d’Zuel vun dëse Geriichter eropgesat an hiert Personal anescht wéi just um klassesche Rekrutementswee vun der Magistratur eropgefouert ginn. Erfueren Affekote kënne ganz gutt als Friddensriichter déngen, a sollten dee Schrëtt ouni weider Komplikatioune kënnen ënnerhuelen. Et gi grondsätzlech méi Instanze gebraucht, wou ee Justiciable sech selwer a säi Fall ka presentéieren, an de Riichter oder d’Riichterin „en équité“ ka statuéieren.
Et musse méi Méiglechkeete geschaf gi fir „jugement sur accord“ ze huelen tëscht Parquet, Victime an Auteur, besonnesch wa keng Gewaltdot virläit.
Am Kader vun hiren nationalen an internationale Verflichtunge muss d’Arméi iwwert déi néideg budgetär, materiell a speziell personell Ressourcë verfüge kënnen, fir all dëse Missioune kënne gerecht ze ginn. Nieft hiren internationale Missiounen an der Deelnam un der Landesverdeedegung muss d’Arméi awer och verfügbar si fir a Katastrophefäll wéi z. B. nom Tornado am Südweste vum Land an nom Héichwaasser vun 2021 fir d’Ënnerstëtzung vun den nationale Rettungsdéngschter an der Bevëlkerung. Zousätzlech ass si haut och fir d’schoulesch a professionnell Ausbildung an Orientéierung vun deenen Zaldoten an Zaldotinnen zoustänneg, déi sech just fir en temporären Déngscht engagéiert hunn. Fir all dëse Missioune kënne gerecht ze ginn, muss d’Leeschtungsfäegkeet vun der Arméi ausgebaut ginn.
FOKUS wëllt, datt Gläichstellung an eiser Gesellschaft eng selbstverständlech Realitéit gëtt. Do si mer nach net, mee do musse mer hinn. Dat gëllt besonnesch fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra, an der Famill, an der Gesellschaft, am Beruff, an an der Politik.
D’Aufgaben am Stot an d’Erzéiung a Begleedung vun de Kanner sinn eng Saach fir Fraen a Männer. D’Politik kann net am Detail kucke, wéi sech ee Stot organiséiert. Mee si kann – a si muss – d‘Konditioune schafe, fir datt Stéit sech kënnen organiséieren. Esou, datt net alles un engem Elterendeel hänke bleift, wann der zwee do sinn. Esou, datt et net am Regelfall just d’Fra ass, déi Onsécherheeten a Réckschrëtter am Beruff muss akzeptéieren, fir mat der Familljenorganisatioun kloer ze kommen.
FOKUS wëllt méi Elterenzäit a méi Zäit fir Kanner fir béid Geschlechter. Duerfir proposéiere mer, datt béid Elteren d‘Méiglechkeet kréie, fir während enger Zäit manner Stonnen ze schaffen, a méi Zäit fir d’Famill ze hunn – ouni Lounausfall. Am Géigenzuch gëtt déi gratis Offer vu Kannerbetreiung revidéiert. Op si sollen da just nach Elteren Zougrëff hunn, déi dobäi zousätzlech materiell Ënnerstëtzung brauchen.
Dëse Modell funktionéiert nëmmen da richteg, wa Fraen a Männer am Beruff d’selwecht behandelt a fir déi selwecht Aarbecht och d’selwecht bezuelt ginn. Gläichstellung bei der Remuneratioun muss endlech flächendeckend assuréiert ginn. Am ëffentlechen Déngscht ass dat wäitgoend geschitt. Am Privatsecteur bleift ee wäite Wee ze goe, fir dëst Zil ze erreechen. Dat muss an der nächster Legislaturperiod erreecht ginn. Et muss och erreecht ginn, datt Elterenzäit an déi entspriechend Congéë kënne vu Beschäftegten an all Secteur vollëmfänglech genotzt ginn, ouni datt se musse fir hir Plaz oder hiren Avancement fäerten.
An eiser Gesellschaft wëlle mer ewech vun den ale Stereotypen. Dat ass zu engem gudden Deel scho geschitt oder amgaang. Dobäi ass et vëlleg egal, wéi eng Faarf de Gebuertscarnet vun engem Puppelchen huet. Wichteg sinn déi Chancen, déi d’Kanner, Meedercher a Jongen, vu klengem u kréien an déi Fërderung, déi se erfueren. Dobäi sollen se sech duerchaus bewosst sinn, datt et Ënnerscheeder tëschent de Geschlechter ginn, an déi sollen och am didaktesche Material sichtbar bleiwen – si sinn et jo och am richtege Liewen.
Fir FOKUS ass vëlleg kloer, datt homosexuell Mënschen a Koppele géigeniwwer vun Heterosexuelle kengerlee Nodeeler dierfen erfueren. Dat gëllt iwwerall an ëmmer. Et sicht een sech seng sexuell Orientéirung net aus. Duerfir muss ee sech kënnen drop verloossen, datt d’Gesellschaft dat respektéiert a keen anescht oder manner gutt behandelt. Déi Mënschen, déi eng aner geschlechtlech oder sexuell Identitéit wëlle liewen, wéi hire Gebuertsschäin et ausseet, mussen dat dierfen a kënne maachen, an Ënnerstëtzung fannen, wann se déi wëllen an Usproch huelen.
Leit, déi am Kader vun der Familljenzesummeféirung legal bei hire Partner oder hir Partnerin op Lëtzebuerg kommen, däerfen hei no aktuellem Recht net schaffen. Dat si Staatsbierger vu sougenannten Drëttstaaten, also Mënschen, déi net aus der Europäescher Unioun kommen. Obwuel hir Partner opgrond vun hire besonnesche Kompetenzen, déi um lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart gebraucht ginn, hei een Aarbechtskontrakt hunn, däerfen hir Conjointen kenger remuneréierter Aarbecht nogoen. Dat muss sech ganz dréngend änneren. Dacks sinn déi Conjointë grad esou qualifizéiert, géifen an engem Betrib gebraucht an hale sech legal am Land op. Et gëtt keen novollzéibare Grond, fir dëse Leit net ze erlaben, och een Aarbechtskontrakt ofzeschléissen. D’Wirtschaft sicht permanent no qualifizéierte Leit, egal vu wou se kommen. Fir FOKUS ass kloer, datt jiddereen, dee legal am Land ass, och muss kënnen hei schaffen an zu eisem Wuelstand bäidroen. Dat ass och eng Fro vu würdegem Liewe fir déi betraffe Mënschen.
Vum Walsystem iwwer d’Gewaltentrennung bis zur legislativer Prozedur an de Relatiounen tëschent nationalen a kommunalen Institutiounen ass d’Zäit komm, fir d’Organisatioun an de Fonctionnement vun eiser Demokratie ze iwwerschaffen. FOKUS wëllt aus dësem Uleies eng Prioritéit fir déi nächst Legislatur maachen. Well nëmmen eng demokratesch Uerdnung, déi de Mënschen hir aktuell an zukënfteg Uspréch reflektéiert, kann och hir Problemer léisen.
Bal 100.000 Mënsche liewen als Lëtzebuerger Staatsbierger am Ausland, méi oder manner wäit ewech. Wa si keng offiziell Résidence zu Lëtzebuerg hunn, verléieren si hiert passiivt Walrecht. Dat däerf net esou bleiwen. FOKUS wëllt, nom Modell vu villen anere Staten, Deputéiert vun de „Lëtzebuerger vu baussen“ wiele loossen, déi vollwäerteg Membere vun der Chamber sinn. Dat soll eng Wal op der Basis vun individuelle Kandidature sinn, bei där déi zwee oder dräi Kandidate mat deene meeschte Stëmme gewielt sinn. Et versteet sech, datt esou e Chambermandat zu Lëtzebuerg net kompatibel ass mat engem lokalen oder regionale Mandat an deem Land, an deem ee wunnt.
Wann d’Halschent vun de Steierzueler zu Lëtzebuerg fir d’Chamber net walberechtegt sinn, dann ass dat fir eis keen normalen Zoustand. Datt wéineg Net-Lëtzebuerger sech fir Gemengewalen aschreiwen, ass fir eis een Argument fir a géint näischt: déi politesch intresséiert Matbierger mat aneren Nationalitéiten hätte sécher méi Intressi dru, fir Wirtschafts-, Steier- a Logementspolitik kënne mat ze beaflossen, wéi u reng kommunalen Ugeleeënheeten.
FOKUS proposéiert duerfir, datt et um Ufank vun der nächster Legislatur eng Wal zu engem reforméierte, repräsentative “Conseil National pour Etrangers” stattfënnt. Duerfir ass dat entspriechend Gesetz esou ze änneren, datt 60 Vertrieder vun den Net-Lëtzebuerger fir déi verbleiwend Zäit vun der Legislatur gewielt ginn. Dëse Conseil soll, zesumme mat der Chamber, Propositiounen elaboréiere, fir zu enger wierklecher politescher Participatioun vun deene Mënschen hei am Land ze kommen, déi dauerhaft hei wunne, schaffen a Steiere bezuelen, an déi aus irgend engem Grond eis Staatsbiergerschaft net kënnen oder wëllen unhuelen. Dës Aarbecht muss vun enger gesellschaftlecher Debatt begleet ginn.
Grondsätzlech ass FOKUS der Iwwerzeegung, datt Bierger vun der Europäescher Unioun, déi dauerhaft zu Lëtzebuerg liewen a sech als Wieler aschreiwe, sollten aktiv u Chamberwalen deelhuelen, ouni sech awer kënne wielen ze loossen. Dat sinn iwwer 80 Prozent vun den net‑lëtzebuergeschen Awunner vum Land. Um Enn vun der nächster Legislaturperiod, 13 Joer nom Referendum vun 2015, sollten d’Parteien sech zu konkrete Verbesserunge vun der demokratescher Participatioun vun dëse Leit positionéieren.
Zur Participatioun gehéiert och d’Facilitéit vum Walprozess. FOKUS wëllt, datt digitaalt Wielen erméiglecht gëtt. De Bréifwalprozess ass laangwiereg a komplizéiert. Mat enger securiséierter Internet-Verbindung ass et méiglech, bannent enger bestëmmter Frist online seng Stëmmen ofzeginn, wou och ëmmer een sech ophält a wéi ee Moment vum Dag oder vun der Nuecht et grad ass. Zu engem funktionéierenden, attraktiven, digitale Lëtzebuerg gehéiert et, datt ee säi Grondrecht, ze wielen, digital kann ausüben.
Vill Jonker fille sech vun der Politik net wierklech repräsentéiert. Dat huet och dermat ze dinn, datt si am Schoulalter vum Wielen ausgeschloss bleiwen. Ee Jonken, dee spéit an engem Waljoer 18 Joer kritt, hëllt eréischt mat bal 23 u senger éischter Wal deel. FOKUS wëllt den Alter fir kënne wielen ze goen op 16 Joer erofsetzen. Dat erlaabt intresséierte Jonken, um politesche Prozess deelzehuelen an et néidegt d’Politik, sech mat den Uleies vu Jugendlechen vill méi auserneen ze setzen, wéi dat haut gemaach gëtt. Méi Participatioun méi fréi ass déi beschte Jugendpolitik.
FOKUS wëllt, datt d’Regierung an dëser oder där Form direkt gewielt gëtt. Duerfir proposéiere mir, datt de Staatsminister direkt gewielt gëtt, an duerno seng Regierung esou zesummestellt, wéi och een gewielte Staatspresident dat géif maachen. Déi ausgewielte Regierungsmembere musse sech dann am Parlament engem Vertrauensvott stellen.
Souwuel fir Ministere wéi fir Deputéierten gëtt een transparente System vu Rémunératioun a sozialer Ofsécherung, inklusiv Iwwergangsgehälter a Pensiounsuspréch, agefouert. Deputéierter kréien dann eng Besoldung, déi eenheetlech ass, ausreechend fir soss kenger Aktivitéit méi mussen nozegoen, an integral besteiert gëtt, wéi all aner Pai och. Remuneréiert fräiberufflech Aktivitéiten an d’Memberschaft a Verwaltungsréit vu kommerzielle Gesellschafte gi verbueden.
D’Mandatstrennung tëschent lokalem Amt a nationalem Mandat gëtt am Gesetz festgeschriwwen. D’Amt vum Buergermeeschter gëtt een haaptamtlecht, dat remuneréiert gëtt, wéi d’Mandat vun engem Deputéierten, inklusiv Iwwergangsgehalt a Pensiounsusproch.
Gläichzäiteg ginn d’Schäffen am heitege Sënn ofgeschaf an duerch „Delegéierter vum Buergermeeschter“ ersat. Si bleiwen normal Gemengeréit mat spezifesch delegéierte Kompetenzen. Dat kënnen der méi sinn, wéi et haut an de Gemenge Schäffe gëtt. Si kënnen och an d’Chamber gewielt ginn.
D’Zuel vun de Gemengen soll duerch Fusioune reduzéiert ginn. Och Zesummeschlëss vu Gemengen an urbane Communautéite sinn eng Optioun, déi zäitno muss gepréift ginn. Am Zentrum, Süden an Norden vum Land sollen an deem Zoch regelrecht Metropolgemengen entstoen.
De SYVICOL gëtt zu enger „Beruffschamber vun de Buergermeeschteren“ ëmgebaut. Dës Chamber setzt sech aus alle Buergermeeschtere vum Land zesummen aviséiert de Secteur betreffend Gesetzprojeten an de Staatsbudget. Dat ganzt Gemengesyndikatswiese gëtt enger déifgräifender Analys ënnerzunn a reforméiert – am Sënn vun national tätege Syndikater an alle Beräicher, déi esou méi effikass kënne geréiert gi, wéi Müllentsuergung a Waasserver- an Entsuergung.
De Staatsrot gëtt reforméiert. Dës Institutioun ass ee berodend Organ vun der Regierung, keng zweet Chamber. Si soll och an Zukunft net gewielt gi, mee no engem ze definéierende Kompetenzschlëssel alternativ duerch Kooptatioun an duerch Nominatioun vun der Regierung genannt ginn. Well d‘Avise vum Staatsrot Deel vun der legislativer Prozedur si, soll de Gesetzgeber selwer keng Ernennungskompetenzen hunn. D’Zuel vun de Membere vum Staatsrot soll op 27 eropgoen. Ministeren, Deputéierter a Buergermeeschtere kënne net Member vum Staatsrot sinn.
D’Regierung stellt an Zukunft dem Staatsrot hir Projete fir Gesetzer zou, ier se an der Chamber deponéiert ginn. De Staatsrot aviséiert bannent dräi Méint ouni Méiglechkeet vun der Verlängerung.
Wann de Staatsrot mat enger Majoritéit vun zwee Drëttel vu senge Membere feststellt, datt ee Gesetzprojet verfaassungswiddereg ass, muss d’Regierung dëse Projet zréckzéien an iwwerschaffen. Ee vum Staatsrot fir verfaassungswiddereg ëmfonnten Text kann net vun der Chamber duerch en zweete Vote ugeholl ginn.
An der Verfassung gëtt eng maximal Zuel vu Membere vun der Regierung festgeluecht. FOKUS wëllt, datt déi Zuel – vu Ministeren, eventuellen delegéierte Ministeren a Staatssekretären – net méi héich däerf sinn ewéi 15. Fir de Geheimdéngscht gëtt eng politesch Sonnerkompetenz an der Persoun vun engem Regierungscommissaire geschaf.
Ministerien, deenen hir Kompetenzen enk matenee verflecht si, solle bei zukënftege Regierungsbildungen zesummegeluecht ginn. Et wier zum Beispill noutwenneg, datt d’Departementer vun der Landesplanung, dem Logement an der Mobilitéit zesumme betreit géifen.
Wann an dëse grousse Ministerien delegéiert Ministeren a Staatssekretären zum Asaz komme, sollen déi aus enger anerer Partei komme wéi de Minister. Nëmmen esou kann déi aktuell parteilech Bunkermentalitéit an der Regierung iwwerwonne ginn an eng kooperativ Gouvernance entstoen.
D’Regierung an d’Parlament gi vollstänneg digitaliséiert. D’Dokumenter, déi vun hinnen ugeholl gi, ginn no hirer Approbatioun online zougänglech gemaach. An der Chamber ginn d’Sëtzunge vun de parlamentaresche Kommissiounen ëffentlech zougänglech gemaach an am Live-streaming iwwerdroen. Dat selwecht gëllt fir Sëtzunge vun de Gemengeréit. D’Videoen vun dëse Virgäng ginn archivéiert a bleiwen online konsultéierbar.
Am Sënn vun der Transparenz, sollen offiziell Gespréichsterminer a Begéignunge mat Interessevertrieder vun de Regierungsmemberen an hirem Agenda publizéiert ginn. Begéignunge vun Deputéierte mat Interessevertrieder ginn an engem digitale Register publizéiert.
De “guichet.lu” gëtt fundamental iwwerschafft an ausgebaut, fir all Verwaltungsvirgang op eng benotzerfrëndlech Manéier accessibel ze maachen. Nieft de Verwaltungsvirgäng vum Staat, sollen och d’Virgäng vum Gemengesecteur agebonne ginn. Dësen Zesummeschloss erméiglecht et, multidimensional digital Virgäng unzebidden, wou all déi implizéiert Verwaltungen (Gemengen a Staat), parallel, un dem selwechten Dossier schaffe kënnen. Fir esou Virgäng, kritt de Bierger een zentralen Uspriechpartner zougedeelt, deen en duerch de komplette Virgang begleet (Case management).
All Genehmegung, all Timber, all Stempel an all Deklaratioun ginn an enger digitaler Versioun erméiglecht. Am Sënn vun der Inklusioun, gëtt vu Fall zu Fall décidéiert, ob Virgäng just nach digital ugebuede kënne ginn, oder ob se parallel op déi traditionell Manéier solle kënnen ofgewéckelt ginn.
D‘Netzwierk vun ëffentleche Bibliothéike soll breetflächeg ausgebaut ginn. Nieft de generelle Missiounen, kënnen dës Bibliothéiken e staarke lokale Partner fir d’ëffentlech Verwaltunge sinn, fir dem Bierger den Accès op digital Verwaltungsvirgäng ze vereinfachen. Iwwert d’Konventioune mam Staat, solle fir d’Personal vun dëse Bibliothéiken och Formatiounen am Beräich vu “guichet.lu” ugebuede ginn, fir esou eng kompetent Ulafstell fir den interesséierte Bierger a senger Proximitéit, ze schafen.
Fir d’Qualitéit vun de legalen Texter ze verbesseren an d’Silodenken tëscht de Ressorten opzebriechen, gëtt eng zentral Plattform geschaf, wou d’Juristen aus de Ministère gesi, wéi eng Texter grat ausgeschafft oder adaptéiert ginn. Duerch den Asaz vun enger performanter Software, kënne wichteg Umierkungen esou direkt an d’Textpropositiounen afléissen, a mussen net nodréiglech an der Prozedur, oder nach spéider, duerch Ofännerungen, nogereescht ginn.
D’staatlech Verwaltunge sollen am administrative Beräich besser vernetzt ginn. No dem Beispill vun der Direction du contrôle financier, ginn d’Agenten un eng Zentralverwaltung affektéiert, déi beim Staat fir hire jeeweilegen Aarbechtsberäich zoustänneg ass. Vun do kënne se dann an aner Verwaltungen détachéiert ginn. Dës Neiorganisatioun verbessert den Transfert vum Wësse, vereinfacht d‘Duerchsetze vu strategeschen Décisiounen, an erméiglecht et dem Staat, d’Agente besser anzesetzen. Fir d’Agenten erginn sech doduerch ausserdem nei Méiglechkeete bei der interner Mobilitéit.
All staatlech Verwaltung soll e Katalog mat hire Servicer a Kompetenzen opstellen, an dësen zougänglech maachen. Dëst erméiglecht et de Verwaltunge méi einfach Synergien ënnerteneen ze schafen an hire Profil ze schäerfe, fir esou e besseren Déngscht unzebidden a sech als Kompetenzzentrum a Serviceprovider kënnen ze positionéieren.
Den aktuelle Staatsexamen soll duerch eng nei Form ergänzt ginn, wou d’Leit, déi eng Staatskarriär ustriewen, eng sënnvoll Ausbildung mat finalem “Diplom vum Staatsexamen” kënne maachen. Dësen Diplom soll et a Funktioun vun der Karriär, a verschidden Ofstufunge ginn, an e soll dauerhaft gülteg bleiwen. Dës Ausbildung ass net un e Poste beim Staat gebonnen, de Besëtzer vum Diplom ka sech awer op all passenden fräie Poste beim Staat mellen.
Fokus wëll, datt Schluss ass mam eesäitege Modell vun der ëffentlecher Kannerbetreiung, déi gratis offréiert gëtt. Den aktuelle System soll net verschwanne, well vill Eltere wëllen oder mussen drop zeréckgräifen. Zousätzlech zum aktuelle System wëlle mir awer och déi Eltere geziilt ënnerstëtzen, déi hir Kanner wëllen a kënne méi aktiv op hirem Parcours begleeden. Dofir fuerdert Fokus d‘Aféiere vun enger Elterenzäit: Eng Aarbechtszäitreduktioun fir Papp a Mamm bei Lounausgläich. Gläichzäiteg gëtt den Usproch op gratis Servicer reduzéiert.
FOKUS wëllt, datt ee Modell envisagéiert gëtt, bei deem béid Elteren 80% schaffen, ouni Lounaboussen ze erleiden. Dat Arrangement kann op déi Zäit befrist ginn, bis d’Kanner an d’Schoul ginn. Papp a Mamm sinn ugehalen, fir gläichermoossen d’Charge vun der Kannerbetreiung ze iwwerhuelen. Elterenaarbecht ass eng Saach fir béid Partner.
Dës Méiglechkeet vun Aarbechtszäitreduktioun muss selbstverständlech och fir allengerzéiend Eltere gëllen. Deenen hir Entlaaschtung vun de multiple Charge läit FOKUS besonnesch um Häerz.
De Finanzement vun der Aarbechtszäitreduzéirung an dem Lounausgläich muss zum Deel iwwer ëffentlech Mëttele bestridde ginn – virun allem mat deenen, déi duerch ee manner intensive Réckgrëff op ëffentlech Kannerbetreiung fräi ginn.
Allgemeng sollen esou ëffentlech Betreiungsstrukturen an d´Personal entlaascht ginn. Des soll d´Qualitéit an de Strukture verbesseren. Donieft erwaart sech Fokus ee positiven Effekt op d’Wuelbefannen vun de Familljen an de Kanner.
An der Bildung muss d ‘Kommunikatioun zwëschen den Acteuren verbessert ginn an den nationale Konsens gesicht ginn. Dofir fuerdert Fokus, datt ee regelméissegen an zilorientéierten Austausch mat den Acteure muss erëm belieft ginn (zB. Assises de l´enseigenement). Donieft fuerdere mir d´Ausschaffe vun engem 10-Joresplang mat den Acteuren um Terrain, mat de Gewerkschaften a mat de politesche Parteien, déi an der Chamber vertrueden sinn. Dëse Plang, deen déi grouss Linnen a Prinzippie vun der Educatiounspolitik festhält, soll vun enger Majoritéit vun de Parteien an der Chamber matgedroe ginn. Educatiounspolitik dierf kee politesche Spillball sinn, deen all puer Joer d´Säit vum Terrain wiesselt. Grouss Linne mussen zesummen definéiert ginn.
Fokus bekennt sech zu 100% zu der ëffentlecher Schoul. International Schoulen dierfen net zu Parallelwelte féieren an deene Kanner, déi hir ganz schoulesch Karriär zu Lëtzebuerg maache, sech ausernee studéieren a liewen. Mir gleewen un d´Stäerkt an d´Innovatiounskapazitéiten vum lëtzebuerger Schoulsystem, fir alle Kanner déi zu Lëtzebuerg opwuessen eng Plaz ze bidden.
Et dierfen och keng Parallelwelten zwëschent den Enseignanten entstoen. Reformen déi dozou féieren, dass eng zweet Kategorie vun anescht qualifizéierten Enseignanten entsteet, leene mir of.
Fokus steet dofir och zu enger Alphabetiséierung am Fondamental op Däitsch an op Franséisch. D’Méiglechkeet vun enger Alphabetiséirung op lëtzebuergesch an hiren Impakt op d’Léiere vun deenen anere Sprooche vun eisem System soll gepréift an analyséiert ginn.
Mir wëllen de Bewäertungssystem am Fondamental vereinfachen. Ab dem Cycle 3 soll eng Bewäertung mat Punkte stattfannen, déi präzis an einfach ze verstoen ass an och am Lycée d´Basis fir d´Bewäertung duerstellt.
Fir Fokus gëllt et och d´Orientéierungsprozeduren zum Schluss vum Fondamental ze iwwerschaffen. D´Zesummenaarbecht vun Enseignanten aus dem Fondamental a Secondaire muss fir eng besser Orientéierung verstäerkt ginn.
Mir fuerderen d´Aféierung vun engem optionalen Opnamexamen fir Kanner, deenen hir Elteren net mat der Orientéierung averstane sinn. Hei ass wichteg datt den Examen och an enger Form ofgehale gëtt, déi d’Kanner an der Schoulzäit begéint hunn.
Fir Fokus ass et grondfalsch, dass jorelaang eng automatesch Promotioun vun 7-5ème oprecht erhale gouf, obwuel sech séier gewisen huet, dass dëst just zu engem massiven Akkumunléiere vu schoulesche Problemer féiert. Schwächte mussen do behandelt gi wou se ufalen an net weidergereecht ginn. Déi automatesch Promotioun gehéiert ofgeschaf.
D´Cours de base an d’cours avancés an den Haaptfächer muss am Enseignement général méi effektiv ëmgesat ginn. Schüler solle jee no Fach a Leeschtungsgrad zesumme kommen a gefördert ginn.
Fokus fuerdert nodrécklech, datt d’Schoulflicht bis 16 gëllt. Schoulflicht bis zur Volljäeregkeet léist keng Problemer.
Zousätzlech zum Erëm-Aféiere vum Redoublement muss d´Applikatioun an d´Conduite eng méi wichteg Roll spillen. Manéiere, Respekt, Pénktlechkeet, Applikatioun, Disziplin solle keng Randerscheinung op der Zensur sinn. Déi klassesch Bewäertung vun der Applikatioun/Disziplin mat „bien/mauvais“ muss erweidert an iwwerschafft ginn, zB duerch ee Punktesystem. D’Wäerter musse méi Wäert kréien.
Den Projet vu gratis I-Paden am Cycle inférieur OUNI pedagogescht Konzept huet vill Problemer mat sech bruecht. Duerch d´Feele vun engem nationale pedagogesche Konzept ass den I-Pad Projet an där Alterskategorie oft mat méi Problemer fir Eltere, Schüler an Enseignante verbonne wéi mat irgend engem Notzen. Fokus fuerdert de cibléierten Asaz vun den I-Paden an deene Klassen a Formatioune wou et sech ubitt an dat op Basis vun engem pedagogesche Konzept.
Do wou den IPAD zum Asaz kënnt soll och de Schoulsak méi liicht ginn (z.B. Schoulbicher als PDF um iPad), an net nach méi schwéier (klassescht Schoulmaterial + iPad).
Am Sënn vun der Ecoresponsabilitéit an dem gesonde Mënscheverstand, sollt et d’Méiglechkeet ginn, en existenten iPad (soulaang de Modell net ze al ass) fir d’Schoul ëmkonfiguréieren ze loossen (Bring your own device), amplaz datt d’Eltere gezwonge ginn, en Apparat vun der Schoul ze lounen/kafen.
D´Handwierksausbildung ass eng bewosst Orientéirung an Entscheedung – net dee leschte schouleschen Auswee. Nëmme sou kritt déi handwierklech Ausbildung dee gesellschaftleche Wäert, deen hir zousteet, an nëmme sou gi Schülerinnen a Schüler motivéiert, fir eng handwierklech Carrière unzestriewen.
D´Unerkennung an den Oflaf vun der Formatioun hunn ënnert de ville Reformen an de leschte Joere staark gelidden. Bewäertungs- a Promotiounssystem sinn Deels ëmmer nach oniwwersiichtlech a komplizéiert. Eng éierlech Bewäertung vun der ganzer Formatioun mat den Acteure vum Terrain a Vertrieder aus der Aarbechtswelt ass néideg. Eng Opwäertung vun den Diplomer geet Hand an Hand mat enger besserer Ausbildung zum Handwierker.
De Comité à la formation professionelle muss sech reegelméisseg gesi, fir déi verschidden Defien unzegoen a fir matt ze decidéiere, wou a wéi de Wee vun der Beruffsausbildung hi geet. Allgemeng muss d´Zesummenaarbecht zwëschent den Acteuren aus der Beruffsausbildung an de Ministèren verbessert ginn. Et solle Beruffsausbildungszentren entstoen, déi mat der Wirtschaft enk zesumme schaffen. Wa mir gären alleguer Photovoltaik op eisen Haiser hätten a mat Elektroautoe fuere wëllen, dann féiert kee Wee lanscht eng besser Beruffsausbildung.
D´Kanner an d’Schüler an allen Lycéeën musse fréi an de Kontakt mam Handwierk kommen. Esou kënne si handwierklech Beruffer kenneléieren a selwer erliewen, datt een Handwierk een héichwäertege Beruff ass, deem seng Kompetenzen a Fäegkeeten hannert villen akademesche Formatiounen an näischt nostinn.
Fokus wëll eng besser Zesummenaarbecht vun der Schoul mat de Veräiner. Dozou brauch et een Ëmdenken beim Benevolat, och a Verbindung mat Iwwerleeungen zur Aarbechtszäit. Ausserdem brauch et Verbesseduerrungen bei den Transportméiglechkeeten. D´Schoul muss der Veräinswelt méi opgemaach ginn, an ëmgedréint.
Fokus wëll een biergerlechen Déngscht aféieren, deen et jonke Leit erlaabt sech gesellschaftlech ze engagéieren an Erfahrunge fir d’Liewen ze sammelen. Dësen Déngscht adresséiert sech virun allem – awer net nëmmen – u Jonker, déi mat der Schoul fäerdeg sinn, an déi zousätzlech Orientéirung an Erfarung sichen, fir sech duerno op hire weidere Wee am Beruff oder der Ausbildung festzeleeën. De biergerlechen Déngscht gëtt remuneréiert an dauert néng Méint, woubäi en a bis zu dräi Module vu je dräi Méint kann absolvéiert ginn, an engem vun de méigleche Beräicher: soziaalt Engagement, Ëmweltschutz, Kooperatioun, oder awer och d’Arméi – wou een Engagement awer misst iwwer déi ganz Zäit vum Dingscht goen.
Fir datt de biergerlechen Déngscht als Beräicherung vun engem Formatiounsliewe gëllt, soll en eng logesch Fortsetzung vun der schoulescher Ausbildung duerstellen. D’Participatioun un dësem Déngscht muss konsequent promouvéiert ginn an seng Absolvente mussen duerch den Déngscht positiv Auswierkunge an hirem akademeschen a professionelle Parcours erfueren. Dëst soll op Basis vun engem Diplom erfollegen.
Fir Fokus ass eng lieweg Kulturlandschaft Grondviraussetzung fir eng lieweg a staark Gesellschaft. Mir wëllen d´Engagement vu Kënschtler a Fräischaffende stäerken, och duerch d’Aféiere vun enger Rémunératioun, déi iwwer dat symbolescht erausgeet an et de Konschtschafenden erlaabt, ee Liewen ouni Prekaritéit ze féieren. Mir wëlle Veräiner an Associatioune stäerken, déi am kulturelle Beräich täteg sinn. Mir sinn der Iwwerzeegung, dass net de Konsum, mee den Engagement vum Bierger muss méi valoriséiert ginn. Dëst bedeit och, dass Schoulfächer, déi Deel vun der sougenannter „Culture générale“ sinn, méi gewäertschätzt musse ginn.
Étuden zum Wuelbefannen vun de Kanner weisen d´Wichtegkeet vum familiären Ëmfeld an der Qualitéit vun den Betreiungsstrukturen. Des Qualitéit riskéiert ze leiden ënnert dem Zouwuess vun der Demande duerch d’gratis Offer. De Modell vun der Elterenzäit soll d´Strukturen entlaaschten an d´Qualitéit verbesseren. Donieft soll d´Zäit mat de Kanner nees valoriséiert ginn.
D´Commission des aménagements raisonnables muss och am Fondamental fir Schüler mat spezifesche Besoinen. zoustänneg ginn. Dëst zesumme mam Regionaldirekter, engem Schoulpsycholog an engem Enseignant vum betraffene Schüler, fir de bestehende System ze uniformiséieren an ze homogeniséieren.
Mir wëllen de Kanner mat spezifeschen Besoinen eng gerecht Inklusioun erméiglechen. Lëtzebuerg huet an de leschten Joere vill Efforte gemaach. Mir mussen awer och unerkennen, dass eng total Inklusioun schwiereg ass, virun allem bei Kanner mat ganz staarke Beanträchtegungen. Hei musse Strukturen ausserhalb vum normale Schoulkader ausgebaut a geschaf gi, fir de betraffene Kanner ee Kader ze bidden an deem si sech weiderentwéckele kënnen.
Leit mat Beanträchtegung, ob jonk oder al, hunn op villen Plazen ëmmer nach vill Schwieregkeeten fir um gesellschaftlechen Liewen zu Lëtzebuerg kënnen deelzehuelen. Fokus wëll mat de Betraffene Verbesserungen diskutéieren a ganz séier ëmsetze loossen. Et gëtt héich Zäit, datt ee kierperlechen Handicap keen Exklusiounsgrond aus der physescher a gesellschaftlecher Mobilitéit méi ass.
A ville Betriber ginn déi gesetzlech festgeluechte Quote vu Persoune mat engem Statut de salarié handicapé net agehalen. Fokus fuerdert, dass de Staat zesumme mat de Betriber Mëttel a Weeër fënnt fir méiglechst ville Persoune mat deem Statut de Wee an d´Aarbechtswelt opzemaachen.
D’Qualitéit vun der medezinescher Versuergung muss fir all Mënsch an zu all Moment garantéiert sinn. Deemno mussen och d’Waardezäiten an den Urgencen nees akzeptabel ginn. Dat kann duerch en Aus- an Embau vum Réseau vun de Maisons médicales favoriséiert ginn.
Och Délaie fir e Rendezvous bei engem Spezialist ze kréien, musse signifikativ verkierzt ginn. Dat bedeit, datt ausreechend Spezialiste musse verfügbar sinn – an also ee verstäerkte Recrutement vun esou Mediziner.
Allgemeng gëtt eng konsequent Planificatioun vun de Bedürfnisser u medizineschem Personal a Funktioun vun eiser demografescher Entwécklung gebraucht. De Recrutement vun ausreechend Personal muss uschléissend ouni geografesch Aschränkunge méiglech sinn.
All Spidol wat Déngscht huet, muss de Patiente kënnen entscheedend hëllefen. Dofir muss op all d’Zorte vu spezialiséierten Doktere kënnen zréckgegraff ginn: d’Bereetschaftsdéngschter an d’Garden musse jee no Spezialitéit optimal op d’Besoinen ofgestëmmt ginn.
Déi medezinesch Direktioune sollen nees méi an den Zentrum vun den administrativen a personaltechneschen Entscheedunge geréckelt ginn, z.B. a punkto Uschafe vu neiem Material a Verbesserung vun Infrastrukturen, a bei der Reorganisatioun vu medezinesche Servicer.
FOKUS plädéiert fir manner administrativ Tâchen, déi op d’Käschte vun der Zäit beim a mam Patient ginn, an dat souwuel bei den Doktere wéi och dem Fleegepersonal. FOKUS wëllt och, datt de medinesche Versuergungssystem esou organiséiert gëtt, datt d’Patienten ee wierksaamt Recht op Kommunikatioun mat de Mediziner garantéiert kréien: wien eng Fro huet, huet een Usproch op eng Äntwert, a wien eng méi ëmfangräich Informatioun wëllt, muss och déi ouni Aschränkung kréien.
Mir wëllen den Opbau vun engem Universitéitsspidol, am Sënn vun enger fortschrëttlecher an attraktiver Medezin an dofir och enger méi grousser Onofhängegkeet géintiwwer der Ausbildung vu Lëtzebuerger Dokteren am Ausland. Gläichzäiteg géif een Uni‑Spidol d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg fir Mediziner erhéigen, déi wëlle fuersche, publizéieren a sech weiderentwéckelen.
Eng grondleeënd Reform an der Ausbildung vum Fleegepersonal ass néideg, fir dem Manktem un esou Personal drénglech an effikass entgéint wierken ze kënnen. Geziilten Orientéirung an d’Erweidere vun de beruffleche Perspektive spillt hei eng wesentlech Roll. De biergerlechen Déngscht soll jonke Leit Ablécker an d’Villfältegkeet vun de Fleegeberuffer erméiglechen.
Lëtzebuerg brauch een effikasse Monitoring am Beräich vun de medezineschen Apparater an Infrastrukturen.
FOKUS plädéiert fir eng méi grouss Autonomie wat eis medezinesch Versuergung mat Medikamenter ugeet, an och a punkto Noutversuergung (Otemmaschinnen, zousätzlech Better, Schutz- an Desinfektiounsmëttel,…) déi néideg kéint ginn am Kader vu sanitäre Krisen wéi dem COVID-19.
FOKUS mécht sech staark fir eng medezinesch « Task Force », déi als Missioun wäert hunn all d’Fäll vu sougenannte rare Krankheeten zesummenzedroen an ze analyséieren. Mir wëllen och deene Mënschen, déi gesondheetlech Schied no Impfungen dervun droen, eng effikass an onkomplizéiert prise en charge garantéieren.
FOKUS mécht sech fir eng besser Schmäerztherapie hei am Land staark, an dat iwwert d’ganzt Land gekuckt.
Mat FOKUS réckelt och de präventiven Aspekt vun der Medezin nees méi an de Vierdergrond, well hei läit dat meeschte Potential fir eng méi gesond Bevëlkerung vu muer. Dat bedeit och, datt der allgemenger Ernierung méi Opmierksamkeet zoukënnt, an datt Berodung zu enger gesonder Ernierung wäitraimeg verfügbar gemaach gëtt.
Ëmmer méi an och ëmmer méi jonk Patiente leiden ënner neurodegenerative Krankheeten, an dofir solle méi Ulafplazen hei am Land geschaf ginn, fir datt déi Betraffen an hier Familljen net méi systematesch de wäite Wee an d’Ausland mussen op sech huele, mat all deenen negativen Konsequenze fir hier Krankheet a Wuelbefannen.
FOKUS wëllt d’Nomenclature vun eiser Gesondheetskeess iwwerschaffe fir d’Leeschtunge méi gerecht ze gestalten, a méi am Aklang mat der WHO hirem dräidimensionale Verständnes vu « Gesondheet ». Déi aktuell Nomenclature defavoriséiert vill Patiente well d’Leeschtungen zënter ronn 40 Joer net méi ugepasst goufen.
De Réseau « Sport Santé » soll endlech déi néideg finanziell Mëttel zougeschriwwe kréien, fir sech esou kënnen ze entwéckelen, datt all d’Bierger jee no Krankheetsbild kënnen dovu profitéiere, fir chronesche Kränkten entgéintzewierken (Häerzerkrankungen, Kriibs, Diabetes,…)
Et soll och méiglech ginn, d’Beweegung als prioritär respektiv komplementar Therapieméiglechkeet verschriwwen ze kréien.
FOKUS wëll d’Beweegung iwwert de Wee vun engem méi attraktiven a jovialen Zougang zum Fräizäitsport nees an de Vierdergrond réckelen. FOKUS gesäit d’Veräiner als ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der Sensibiliséierung fir méi aktiv Liewensstiler, dofir solle Veräiner dëser Roll an Zukunft och méi gerecht ginn an net just de kompetitive Geescht fërderen.
FOKUS sëtzt sech dofir an datt kee vergiess gëtt wann et dorëms geet méi Bewosstsinn fir gesond Liewensgewunnechten ze schafen. Iwwergewiicht an Dépressiounen bei der Bevëlkerung sollen endlech zu engem prioritären Thema gemaach gi fir konkret Äntwerten ze liwwere wéi een dësen déif verankerte gesellschaftleche Problemer, duerch méi allgemeng a geziilt Beweegung a Sport, besser entgéintwierke kann.
Och eis Elitesportler solle weiderhin déi Ënnerstëtzung kréien, déi si brauche fir Spëtzeleeschtungen ze erzielen. Dozou gehéiert de schouleschen Encadrement, déi eventuell berufflech Perspektiv no der Carrière genee esou, wéi optimal Infrastrukturen an d’Méiglechkeet, un deenen néidege Kompetitiounen deelzehuelen.
D´Zesummenaarbecht zwëschen de Veräiner an de Schoule muss verbessert ginn. Fokus well nei Modeller ausschaffen, déi et erlaben dass Veräiner besser ënnerstëtzt ginn (Benevolat, finanziell Ënnerstëtzungen) fir Deel vun engem eenheetleche Konzept ze ginn, dat et jonke Leit méi einfach an onkomplizéiert mecht, den Accès zu de Veräiner ze kréien. Engagement a Partizipatioun an de Veräiner däerfe net dorunner scheiteren, dass d´Eltere keng Zäit oder Méiglechkeeten hunn, hir Kanner no der Schoul an ee Sportsveräin ze bréngen.
Mir stelle fest, datt déi mental Gesondheet vu jonken an eelere Leit zu Lëtzebuerg an de leschte Joere vill gelidden huet an datt Krankheete wéi Depressiounen a Burn-out staark zouhuelen. Mir wëlle Méiglechkeete schafen, de biergerlechen Engagement, den Engagement a Veräiner (Sport a Kultur) an d´Solidaritéit an der Gesellschaft nees ze stäerken. Fir eng Gesellschaft wou net de Konsum am Mëttelpunkt steet, mee nees Valeuren gestäerkt ginn, déi d´Gesellschaft zesummenhalen: an der Famill, an de Veräiner, an de Schoulen, op der Aarbecht.
All mënschlecht Liewe geet op een Enn, an dat dacks ënner schwieregen a penibelen Ëmstänn. Jiddereen muss kënnen an dierfe wierdeg stierwen, an zwar esou, wéi hien dat selwer bestëmmt. D’Gesetzer iwwer Euthanasie a Palliatitivmedizin mussen duerfir applizéiert, an hir Bestëmmungen a Funktioun vun den Erfarunge verbessert ginn. Eng gezielten Informatiouns- a Formatiounspolitik op allen Niveauen ass dréngend noutwendeg. D’Schafe vun enger spezialiséierter Struktur, an där Euthanasie an assistéierte Suicide kënne stattfannen, ass an deem Kontext eng noutwenneg Iwwerleeung. Déi betraffe Mënsche solle net laang musse sichen, fir Mediziner ze fannen, déi d’Wëssen an d’Bereetschaft hunn, fir hire leschte Wee ze erméiglechen.
Lëtzebuerg ass fir d’Groussregioun eng Metropol. Däer feelt et awer un den Infrastrukturen, déi esou eng Metropol misst hunn, an si verfügt net méi iwwer ausreechend Wunnraum, fir weiderhinn iwwer 10.000 zousätzlech Awunner pro Joer unzezéien. Een Entwécklungsmodell, bei deem d’Zuel vun de Frontalieren sech a Richtung vun enger halwer Millioun géif entwéckelen, ass weder praktikabel nach nohalteg.
Lëtzebuerg brauch en aneren territoriale Modell.
Lëtzebuerg brauch een territoriale Wuesstumsmodell.
FOKUS wëllt, datt mer eis wirtschaftlech an der Groussregioun entwéckelen a mat de Nopeschlänner zesummen aménagéiert a geréiert Aktivitéitszone schafen. Déi kënne souwuel grenziwwerschreidend, also direkt op de Landesgrenze funktionéiere, wéi och ganz um Territoire vun Däitschland, Frankräich oder der Belsch.
Et ginn Terrainen ausgewisen, an de Géigende rondrëm eist Land, déi sech fir d’Usiddlung vun industriellen an déngschtleeschtungsorientéierte Betriber eegnen.
Dës Terrainen ginn zesumme mat de lokalen Autoritéiten erschloss, woubäi dës kéinten den Terrain stellen, während Lëtzebuerg déi néideg Infrastruktur finanzéiert an sech ëm d’Promotioun vum Site an d’Orientéierung vu Betriber dohinner këmmert.
Et gëtt zesumme mat den Nopeschlänner ee Statut ausgeschafft, dee regelt, wéi ee Steierregime a wéi ee Regime vun der sozialer Sécherheet gëllt. Fir Lëtzebuerg als Co‑Gestionnaire vun den Zonen gëtt een Deel vun de Recetten ausgewisen.
Méi wirtschaftlech Dynamik an der Groussregioun heescht ganz einfach manner Drock op Lëtzebuerg alleng, méi Attraktivitéit vun de Grenzgebidder fir eng spezifesch Migratioun dohinner a méi groussregional Identitéit an der europäescher Competitioun.
Lëtzebuerg investéiert zënter Joere substanziell Zommen a Schinn a Strooss, ouni datt d’Leit wierklech d’Impressioun hu, besser virun ze kommen. Et ass un der Zäit, ee wierkleche Mobilitéitsplang opzeleeën, dee sech un objektiven Ziiler orientéiert an de grad esou objektive Weeër, fir dës ze erreechen. Den Zuchsréseau an de Velosreseau musse konsequent weider ausgebaut ginn. D´Plange vun neien Aktivitéits- oder Wunnzone muss Hand an Hand mam Plangen vun enger funktionéierender Mobilitéit goen. De nationalen Zuch- a Velosreseau a säin Uschloss un d´Groussregioun muss besser an laangfristeg geplangt ginn. Generell muss d’Capacitéit vum Zuchréseau drastesch erhéicht ginn. Wann deen haut scho saturéiert ass, wéi regelméisseg vun den CFL matgedeelt, da geet et net ouni ee kuerzfristege signifikativen Ausbau. D’Bunn muss iwwer déi kommend Joeren dat duebelt a méi vun deem beweege, wat se haut transportéiert kritt – d’Infrastruktur muss deemno esou ugepasst ginn, datt se dat packt.
Lëtzebuerg huet elo en Tram. Dat ass eng gutt Saach – fir d’Stad. Den Tram ass par nature en innerstädtescht Transportmëttel. Fir d’Erausfuerderunge vum regionalen an iwwerregionalen Transport ze meeschtere, ma fir d’Mënschen an d’Stad a no bei d’Stad bei hir Aarbechtsplazen ze bréngen, ass den Tram net d’Léisung. Duerfir brauch et eng Form vu regionalem schinngebonnenem Expressverkéier. An Däitschland heescht dat S-Bunn, a Frankräich RER. Ee Plang fir esou ee Réseau zu Lëtzebuerg existéiert no wéi vir. FOKUS wëllt, datt dëse Plang, mat deem de nationalen Zuchréseau ënnert der Stad ausgebaut an duerchgängeg gemaach gëtt, ëmgesat gëtt. Nëmmen esou kënnen d’Capacitéite vum Schinneréseau ausreechend vergréissert ginn, fir Honnertdausende méi Fuergäscht an engem oder zwee Jorzéngten ze packen. Nëmmen esou kënne Mënschen direkt vun Arel op de Kierchbierg, vun Tréier op Gaasperech a vun Diddenuewen op de Findel transportéiert gi, wéi et an de kommende Joeren ëmmer méi noutwenneg wäert ginn.
Och Zousazinfrastrukture wéi ee Monorail op Belval an een Téléphérique iwwer den Uelzechtdall an der Stad solle seriö gepréift ginn. Si kéinten net nëmmen ee konsequente Beitrag zu méi a besserer Mobilitéit leeschte, mee géifen doriwwer eraus d’Attraktivitéit vu bestëmmte Sitten vergréisseren.
Bei der stroossegebonnener Mobilitéit begréisst FOKUS den Ausbau vu Spueren fir Bussen a Covoiturage. Op ville Plazen am Land bleift fir d´Leit den Auto bis op weideres dat wichtegtst Transportmëttel. Dëst virun allem well et un Alternative feelt. FOKUS wëll een Ausbau vum Stroosseréseau, do wou et Sënn mécht an urgent ass, wei véier Spure fir d´N7 am Norden. Op der bestoender A7 soe mir kloer: et ass net normal, datt vu 17 Kilometer Autobunn, déi engem flaache Land gebaut ginn, iwwert d’Halschent an Tunnelle geluecht, an do dann d’Vitesse op 90 Stonnekilometer reduzéiert gëtt. Mir si fir eng duerchgängeg Limite vun 110 Stonnekilometer vum Tunnel Miersch bis op de Kierchbierg.
De Verkéier an den Uertschaften ass a bleift ee grousse Problem. Fokus setzt sech dofir an, dass deen Verkéier net méi duerch Duerf- oder Stadkäre leeft an ausserhalb vun dëse Wunnzentren Méiglechkeete bestinn fir den Auto stoen ze loossen an sech mat Zuch, Tram, Bus oder Vëlo ze bewegen.
Mir schwätzen eis resolut géint eng Generaliséirung vun Tempo 30 bannent Uertschaften an eng allgemeng Reduktioun vun der Vitesselimitatioun op de Landstroossen aus. Et féiert een de Verkéier net besser, andeems een en zum Stoe bréngt. Honnertdausenden Autofuerer halen sech un d’Regelen a fuere Joerzéngte laang ouni Akzident. Déi däerfen net stänneg bestrooft ginn, wann irgend een ee grave Feeler am Verkéier mécht.
Generell gëllt: FOKUS hätt gär eng Landesplanung, déi endlech Wunnen a Schaffen op eng Aart a Weis matenee verbënnt, déi mam ëffentlechen Transport ze meeschteren ass. Duerfir seet FOKUS kloer: Schluss mam Pacte Logement an all sengen Erscheinungsformen. Dëse sougenannte Pakt ass soss näischt wéi staatlech Finanzéierung vu kommunalem Wuesstem op all deene Plazen, op deenen et kee Sënn mécht. Déi Gemengen, déi solle wuesse, musse planerësch ausgewisen an ënnerstëtzt ginn. Generell kann dat just do si, wou schinnegebonnenen ëffentlechen Transport kann organiséiert ginn oder schonn existéiert.
FOKUS wëllt, datt mer an en nationaalt Gespréich iwwer déi allgemeng Dynamik vun eiser Wirtschaft an eise Betriber komme, fir déi drégend Froe vun eiser Zäit ze diskutéieren an ze beäntweren. Zu deene Froe gehéiert déi allgemeng wirtschaftlech Ausriichtung, eis industriell Basis, Aarbechtszäiten an Aarbechtsmodeller.
FOKUS ass sech bewosst, datt déi Lëtzebuerger Ekonomie zënter laange Joeren eng erfollegräich an diversifizéiert Déngschtleeschtungsekonomie ass, där hire konstante Wuesstem duerch favorabel Konditioune politesch ënnerstëtzt gëtt. Dës Ekonomie huet mat der Zäit ee gudden Deel vun hirer produktiver Substanz verluer. A Covid-Zäite ware mer eis an der Gesellschaft eens, datt mer nees méi sollte selwer produzéiere, vu Liewensmëttel iwwer industriell Gidder bis zu Medikamenter an Energie. Dat bleift wouer – a Lëtzebuerg ass zum Handelen opgefuerdert.
An der Europäescher Unioun lafe mer weltwäiten Entwécklungen ouni groussen Erfolleg hannendrunn. Dat leschtent a bescht Beispill ass déi europäesch Reaktioun op den US‑amerikaneschen Inflation Reduction Act. Amplaz selwer eng änlech Landschaft vun Ënnerstëtzungen a Subventioune virun allem bei der Produktioun vu propperer Energie opzeleeë, beschwéiere mer eis iwwer déi aner a reguléieren Zukunftsindustrien an de Stëllstand. FOKUS wëllt, datt mer zu Lëtzebuerg eng proaktiv Haltung op dësem Terrain anhuelen an déi resolut an Europa promouvéieren. Et wäerte sech vill Alliéierter fannen.
FOKUS ass skeptesch géigeniwwer enger struktureller allgemenger Aarbechtszäitverkierzung, well se keng Problemer léist, mee vill neier schaaft. Mee, mir sinn derfir, iwwerall do, wou et méiglech, sënnvoll, hëllefräich a gesellschaftlech produktiv ass, Aarbechtszäitreduktioun erbäizeféieren a Géigefinanzéierungen ze erschléissen.
FOKUS wëllt, datt den éierenamtlechen Engagement duerch méiglech Fräistellunge vun der bezuelten Aarbecht gefördert gëtt. Dat ass praktesch eng Aarbechtszäitverkierzung, mat enger Ausgläichsbezuelung, déi den Erhalt vum Liewensniveau bei gläichzäitegem gemeinschaftlechem Engagement erlaabt. Vill grouss Betriber weltwäit ginn dee Wee scho, well en zur perséinlecher Satisfaktioun an domat zur Motivatioun vun hire Mataarbechter bäidréit. Fir Fokus soll eng Aarbechtszäitreduktioun gezielt fir déi Leit méiglech sinn, déi et an hirer Liewenssituatioun am meeschten brauchen (Elterenzäit, Zäit fir d’Betreiung vun vulnérabelen Leit, éierenamtlecht Engagement…). De Staat muss een Kader schafen an deem esou eng Aarbechtszäitreduktioun fir all d’Beschäftegt an all Secteur méiglech ass, ouni dass dëst d’Entreprisen ze vill belaascht.
Mee och d´Heemaarbecht ass eng Leeschtung, déi een Wäert huet, och materiell: wann zum Beispill Schoulkanner no der Schoul kënnen heem kommen, an do ass een Elterendeel oder déi zwee, fir se an Ëmfank ze huelen, brauchen se déi Zäit keng ëffentlech Betreiung. Déi huet ee Präis, an dee bezuele mer alleguer zesummen iwwer Steieren. Manner bezuelt Stonne schaffen ouni Lounverloscht a méi Zäit hu, fir déi eege Kanner selwer ze begleeden huet och laangfristeg positiv Auswierkungen op d’Wuelbefannen vun ville Familljen.
„E-residency“: e-residency bedeit, datt ee Mënsch digital Bierger vun engem Land ass. En ass net physesch Résident do, mee an enger digitaler Identitéit. Grad fir ee klengt Land wéi Lëtzebuerg, wat u wirtschaftlechem Méiwäert intresséiert ass ouni besonnesch wëlle Migratioun unzezéien, ass dëst eng Perspektiv, déi ganz séier sollt genotzt ginn. E-resident zu Lëtzebuerg kéinten an Zukunft eng erhieflech Zuel u Leit ginn, déi op digital Manéier fir d’Land oder een hei ugesiddelte Betrieb schaffen, ouni datt dës Leit physesch bei eis präsent musse sinn. Hir Steiere bezuelen se bei eis – natierlech muss dat dann och digital funktionéieren.
Esou eng Entwécklung brauch déi néideg Grondlagen an allen Domaine vun digitaler Organisatioun.
Dat fänkt bei der Ausstellung vun digitalen Identitéitspabeieren un. Et betrëfft duerno d’Méiglechkeet, sech sozial ze versécheren an eng steierlech Identitéit digital ze kréien, woubäi Kotisatiounen a Steieren och musse kënne permanent online bezuelt ginn.
Et bedeit d’Noutwennegkeet, Gesellschaftsstatuten online kënnen ze erschaffen, ze deponéieren, ze änneren, an et bedeit, datt all Geschäftsdokumenter a -konten och esou kënnen agereecht ginn. Duerfir ass eng radikal Moderniséierung vum Gesellschaftsrecht noutwenneg. Eng vun de noutwennege Konsequenze vum e-resident ass den „e-Notaire“.
Och déi staatlech Verwaltungen musse besser accessibel ginn: All Verwaltung, mat där d’Bierger direkt ze doen hu, muss och accessibel sinn. Net just e puer Stonnen den Dag.
FOKUS wëllt, datt nom Modell vum Québec eng interprofessionell Surveillance vun de reguléierte Professioune geschaf gëtt, déi sech aus Beruffsvertrieder zesummesetzt an derfir zoustänneg ass, datt d’Informatiounsrecht vun de Bierger zu all Moment respektéiert gëtt. Et ass fundamental wichteg, datt d’Biergerinnen an d’Bierger am Ëmgank mat dëse Beruffer gutt an ëmfaassend informéiert, beroden a begleet ginn.
Klimapolitik, déi drastesch Reduktioun vum Ausstouss vu Kuelendioxid an anere Klimagase verlaangt, erfuerdert ee konsequent Iwwerschaffe vun eisem individuellen a gesellschaftleche Verhalen. Den éischten an wichtegste Prinzip ass a bleift dofir, datt all Energie déi net muss produzéiert ginn oder onnéidegerweis genotzt gëtt, gespuerten Energie ass, a Ressource spuert. Dëst dréit zum CO2-neutralen Foussofdrock bäi. Fir FOKUS ass d‘Zil ganz kloer. Et soll och an eiser Verfassung als Staatszil verankert ginn. Dëst Zil laut: eng CO2-neutral Gesellschaft an also eng CO2-neutral Wirtschaft. Datt net all Secteur fir sech dat ka packe – Stéchwuert Landwirtschaft – ännert um Zil näischt. Wou weiderhin Emissioune wäerte stattfanne, musse se op anerer Plaz op aner Manéier kompenséiert ginn.
Klimapolitik ass eng eenzegaarteg Chance fir eis Wirtschaft a Gesellschaft ze moderniséieren. Dat resolut Acceptéiere vum technologeschem Potential, wat an enger méi nohalteger Liewens- a Produktiounsweis stécht, stellt eng ongeheier Entwécklungsperspektiv duer – fir de ganze Planéit.
Klimaschutz, dat ass Fuerschung, Entwécklung, nei Industrien an nei Déngschtleeschtungen. FOKUS wëllt derfir suergen, datt mer an Europa all Schlësseltechnologië selwer beherrschen an all Schlësselproduktioun selwer oder a struktureller Partnerschaft mat befrënnte Länner assuréieren. Wat u Wandrieder a Solarpanéilen, un Electrolyseuren a Stroumapparatur, u Pipelinen, Schëffer an Hafeninfrastruktur, un industriellem Équipement an Europa benéidegt gëtt, solle mer selwer fäeg sinn, ze produzéieren.
Entretien vu neiaarteger Infrastruktur, Berodung zu hirer Installatioun a Benotzung, den Handel mat Energieträger, d’Schafe vun enger Kontraktlandschaft fir Energieproduktioun, Import an Export, alles dëst sinn Domainen, an deene mir zu Lëtzebuerg kënnen en attraktiven – virun allem och digitalen – Environnement fir d’Usiddlung vun Aktivitéite schafen. FOKUS wëllt derfir suergen, datt dat geschitt.
Nei Strukturen an Institutiounen – wéi zB. déi vun der EU geplangte Waasserstoffbank – kéinten zu Lëtzebuerg een attraktiivt Doheem fannen. FOKUS wëllt, datt all Chance genotzt sinn, fir esou neiaarteg Institutiounen a Strukture vun der Energiewirtschaft op Lëtzebuerg unzezéien. Dat ass d’Standuertpolitik vun haut a vu muer.
FOKUS wëllt, datt déi erneierbar Energiequelle mat aller Konsequenz ausgebaut ginn. Dat verlaangt substantiell ëffentlech Investissementer. Et verlaangt och kommerziell a privat Participatioun. De Rendement op esou Investissementer ass haut – an nach fir ganz laang Zäit – mat deen attraktiivsten, deen um Kapitalmaart ze fannen ass. Dëst kann och fir d’Stockéieren vun Energie gëllen. Biergerkooperativen an Punkto Energiegewënnung-, sou wéi och Stockage dierften an Zukunft ëmmer méi hier Plaz fannen.
D’Biergerbedeelegung bei den erneierbaren Energien muss verstäerkt ginn, sief et a Form vu Kooperativen, wou d’Bierger vun engem Quartier oder engem Duerf kënnen deelhuelen an sech mat abréngen, oder awer an anere Forme vu Crowdfunding. Et existéiere schon zënter laangem Solarparkkooperativen, an esou Strukture sollte weider ausgebaut, ënnerstëtzt a gefërdert ginn.
Beim Hausbau soll den Délai fir d‘Subsiden zeréckzekréien substantiell erofgoen. Hei kéint een alternativ en System wéi den Tiers payant envisagéieren, fir datt de privaten Haushalt net laang op Onkäschte sëtze bleift. D’Energietransitioun muss ouni gréisseren administrativen Opwand geschéien.
FOKUS hëlt un där allgemenger Atomfeindlechkeet net deel. Schweden a Finnland, zum Beispill, bauen d’Atomenergie aktuell aus, Finnland huet mat Zoustëmmung vun der grénger Partei en Atommüllendlager geschaf. Datt grad Lëtzebuerg mengt, mat enger eegener Stroumproduktioun vun ënner 10 Prozent vu sengem Bedarf, an Europa virulent mussen d’Atomenergie ze bekämpfen, hale mir fir falsch an iwwerhieflech. Et geet net drëm, zu Lëtzebuerg ee Reakter ze bauen. Et geet drëm, den technologesche Realitéiten an d’A ze kucken. Eis Stroumnetzer, brauchen eng stabil Aspeisung, soss brécht eis Gesellschaft zesummen. Et wäert keng hallefweegs spierbar, geschweig da flächendeckend e-Mobilitéit gi, wann net genuch Stroum op stabil Manéier an d’Netzer ka bruecht ginn.
FOKUS wëllt eng konsequent Waasserstoffproduktioun a -notzung an der Groussregioun, wou notamment am Saarland och entspriechend Fuerschungsstanduerter existéieren. Mir wëllen, datt Lëtzebuerg, esou wéi et aktuell a Partnerschaft mat Dänemark scho beschloss ass, sech aktiv a maassgeeblech un internationale Kooperatiounen zugonschte vum gréngen an emissiounsfräie Waasserstoff bedeelegt. Dat kann net nëmmen eng nei Prioritéit vun eiser Kooperatiounspolitik ginn, mee och d’Grondlag vu engem neien Aktivitéitsberäich vun eiser Fongenindustrie.
FOKUS wëll, datt Lëtzebuerg sech un der mosaHYc-Infrastruktur bedeelegt, woumat eist Land Uschloss un 100 Kilometer Waasserstoff-Pipeline tëschent dem Saarland, dem Département Moselle a Lëtzebuerg kritt. Dës Pipeline ass fir industriell Zwecker wesentlech.
Déi Pläng, déi elo nees fir eng direkt Zuchverbindung op Saarbrécken (déi FOKUS dréngend wëll, fir Uschloss un den däitschen Héichvitesse-Zuchréseau ze kréien) opgeluecht gi, solle mat waasserstoffbedriwwenen Zich op der Linn Diddenuewen‑Bouzonville‑Saarlouis ëmgesat ginn. Dat ass déi kierzte Streckeféirung an domat och déi séierst. Dës Streck ass net duerchgoend elektrifizéiert, wuerfir de Waasserstoffbetrieb déi logesch Optioun duerstellt. Esou Zich sinn notamment an Däitschland schonn am Asaz.
Och fir de Stroosseverkéier an -transport ass Waasserstoff eng Zukunftstechnologie; virun allem am Frachtverkéier. Och an der Landwirtschaft kënnen Trakteren a Mähdrescher ouni Problem mat Waasserstoff bedriwwe ginn. A selbstverständlech gi fir all dës waasserstoffbedriwwene Motoren an der Landwirtschaft, dem professionellen an dem individuellen Transport och zu Lëtzebuerg ausreechend Tankstelle gebraucht. Fir déi ze beliwwere, si Pipeline- a Späicherkapazitéiten fir Waasserstoff dréngend ze schafen.
Waasserstoff am Transport an der Mobilitéit ze bejoen ass keng Haltung géint batterieelektresch Mobilitéit. Déi wäert sech a villen Uwendungsberäicher vum Auto a vun aneren Transportmëttelen, virun allem dem Bus, laangfristeg duerchsetzen. An 10 Joer wäerte Batterien um Maart sinn, déi mat vill manner Ëmweltschied produzéiert ginn an deenen hir Autonomie vill méi grouss ass wéi haut. Fir FOKUS gëtt et keen “Entweder-Oder” bei Mobilitéitstechnologien, mee ee kloeren “Esouwuel-Wéi-Och”. Dat gëllt och fir zukünfteg e‑fuels. Dofir si mir géint ee Verbuet vum Verbrennungsmoteur.
Fongen zur Ënnerstëtzung, Schafung an Ënnerhalt vun der Waasserstoffinfrastruktur kënne spezifesch zu Lëtzebuerg geschaf ginn. De Know-How vun eiser Finanzplaz erméiglecht de Succès vu Waasserstofffonge bei eis, genee wéi dee vu Finanzéierungsinstrumenter fir erneierbar Energien an hir Infrastruktur am Allgemengen. FOKUS wëllt, datt d’Finanzplaz Lëtzebuerg sech resolut am Beräich vun den erneierbaren Energie plazéiert an datt se en Dréikräiz fir nohalteg Zukunftsinvestissementer gëtt.
Batteriespäicher si momentan an enger dynamescher Entwécklung. Et gëtt ganz vill verschidden Technologien déi sech jee no Uwennungsgebitt duerchsetze wäerten. Déi europäesch Batterieproduktioun muss ausgebaut gi fir strategesch an deem Beräich nët nach weider hannert China/Japan an den USA zeréckzefalen.
De Recycling vun de Batterië muss e wichtegen Aspekt an der Europäescher, also och Lëtzebuerger Strategie spillen. Batteriespäicher kënnen a Privathaiser a méi klengem Stil installéiert ginn an esou zesummen mat enger Photovoltaïkanlag en wichtegen Deel zur Stroumversuergung bäidroen. Och méi grouss Batteriespäicher ginn ëmmer méi interessant vir zum Beispill kuerzfristeg Stroumnetzschwankungen auszebalancéiren. Sou Projeten fënnt een ënnert anerem schonn an Australien, an den USA, an an England.
Net just d’Ännerung vum Klima beweegt d’Gemidder an de leschte Joeren. Och de Verloscht vun natierleche Liewensraim an domat verbonnen dee vun der Biodiversitéit mécht ville Leit Suergen. FOKUS wëllt, datt d’Ëmweltpolitik sech a nächster Zäit konsequent dëser Entwécklung stellt: mat all Spezies, déi verluer geet, gëtt de Planéit méi aarm an eis Natur manner ëmfangräich. D’Beiestierwe féiert zu enger vëlleg ongenügender Bestäubungsaktivitéit – domat geet et och de Mënschen un de Kolli. Ëmweltpolitik ass Iwwerliewenspolitik fir de Mënsch. Als sollech muss se och ëmfonnt gi, fir datt se entspriechend Ënnerstëtzung fënnt. An de leschte Joeren huet zevill vun der Ëmweltpolitik sech am Kontext vu Skandaler a Verboter artikuléiert: vun der Gaardenhaiserchersaffär bis zum rezenten Uurteel vun der Cour administrative iwwer de séier wuel méiglechen Ëmbau vun engem Haus an der Gréngzon. Vill Leit hu sech all déi Joeren d’Fro gestallt, ob net generell déi ëmfangräich Ëmweltoplage beim Bau mat dru schold sinn, datt Geneemegungen esou laang daueren. Wann se dann erfollegen.
Dem Mënsch seng Iwwerliewensperspektiv gëtt mat méi Beien a méi Bestäubung besser, awer net domat, datt mer all Haischen am Gringen an all Eiwegkeet afréieren. Eng Fënster méi an engem Gaardenhaischen ass net de Gnodestouss fir déi lokal Ëmwelt. FOKUS wënscht sech, datt d’Ëmwelt- a Naturschutzgesetzgebung esou iwwerschafft ginn, datt se bestoend mënschlech Präsenz an Aktivitéit nohalteg weider erlaben, an zukünfteg Bautätegkeet net praktesch verhënneren. Dat kënne mer eis an der aktueller Entwécklungsdynamik vum Land net leeschten.
Et ass wichteg, eng Form vun ekonomescher a gesellschaftlecher Entwécklung ze erreechen, déi am Aklang mat der Natur an hirer ganzer Diversitéit erfollegt. Dobäi kann awer net all Flantermaus, all roude Milan an all Dachs am Eenzelnen iwwer der Entwécklung vun der Infrastruktur stoen. Et muss méiglech sinn, den Habitat vun Déieren a Planzen ze schützen, a gläichzäiteg néideg human Infrastrukturen ze schafen a weider ze entwéckelen.
Naturschutz bedeit och de Schutz vun eise Waasserreserven. Duerfir wier et gutt, wa rondrëm de Stauséi mat der Landwirtschaft zesumme géif derfir gesuergt ginn, datt keng Schuedstoffer méi an eisem gréissten Drénkwaasserreservoir landen. Dat muss besser kënne goe wéi et haut geet – am léiften an Zesummenaarbecht mat der Agrikultur. Et gëtt aktuell keng groussflächeg Alternativ zum Stauséi fir d’Versuergung mat Drénkwaasser. Duerfir muss deem seng Waasserqualitéit an déi vun eise Quellen mat aller Konsequenz geschützt an erhale ginn.
Landwirtschaft, Gaart a Wäibau sinn zentral Bestanddeeler vun eiser Wirtschaft. Si sti fir Traditioun an Liewensmëttelversuergung. Mir wëllen Innovatioun a Qualitéit kombinéieren. Baueren an och Wënzer hunn d’Recht op en uerdentlecht Akommes. Nëmmen staark an wirtschaftlech gesond Bauerenhäff kënne laangfristeg Liewensmëttel produzéieren, an d’Kulturlandschaft a ländlech Gebidder erhalen. Mir brauchen dofir eng gesond Mëschung vu Betriber vu verschiddene Gréissten an Orientéierungen déi sech géigesäiteg ergänzen.
FOKUS wëllt eng Landwirtschaft, déi vill méi zu enger diverser an ausreechender Liewensmëttelversuergung bäidréit, wéi dat haut de Fall ass. Wann eis Baueren an Zukunft sollen eppes anescht si wéi “subsidenoofhängeg Quotebaueren”, da brauche si d‘Ënnerstëtzung an den Engagement vun der ganzer Gesellschaft. Fir datt aus hirem Beruff an hirer Produktioun déi vun engem moderne ländlechen Entrepreneur ginn deen d‘Land mat ville verschiddenen héichwäertege Produkter versuergt.
Et musse Pisten an Weeër fonnt gi, wéi mir Energietransitioun och an der Landwirtschaft hikréien, dobäi muss sech um Fortschrëtt an der Innovatioun vun den Technologien orientéiert ginn, déi een weltwäit fanne kann an déi bei eis passen. Qualitéit an der Landwirtschaft muss éischt Prioritéit sinn. Och d´Digitaliséierung muss de Wee weider an d´Landwirtschaft fannen, fir Aarbechtsschrëtt ze vereinfachen an Administratioun vun den Betriber ze vereinfachen. Duerfir musse Formatiounen an Berodung ugebuede ginn.
An de Grande-surfacë solle méi Qualitéitsproduiten aus der Landwirtschaft verkafen ginn, amplaz méi bëlleg Qualitéitsproduiten ze importéieren. Dofir muss och nach méi op d´Qualitéit an d´Regonalitéit vun de Lëtzebuerger Produiten opmierksam gemaach ginn. Och d´Biolandwirtschaft muss Strukturen hu, wou si hier Wuer kënnen ofsetzen.
Ziel vun der Politik muss sinn datt sämtlech Acteuren aus der Landwirtschaft (Akerbausschoul, Landwirtschaftskummer, etc) zesumme schaffen an sech géigesäiteg hëllefen an ergänzen. Et muss mat den Baueren zesummegeschafft gi wann et ëm Natur- oder Waasserschutzzone geet. Si sinn déi beschten Ambassadeuren fir eis Natur.
D’Landwirtschaft spillt och eng Roll fir eisen ländlechen Tourismus, och hei kënne Betriber an den Tourismus agebonnen ginn, wat eng Opwäertung fir verschidde ländlech Regioune bedeit.
Och beim Wäibau muss Qualitéit déi éischt Prioritéit sinn. Digitaliséierung an Vermaartung mussen aktiv ënnerstëtz ginn. Den Tourismus kann de Wäibau och opwäerten an hëllefen eis Wäiprodukter iwwert Grenzen eraus ze droen.
D’Lëtzebuerger Mëllechproduktioun muss wettbewerbsfäeg an nohalteg opgestallt sinn. Mat de Baueren zesummen gëllt et donieft Pisten auszeschaffen déi sécherstellen datt Kaalwer rëm een gewëssen Wäert hunn a méi no kënne gehandelt ginn. Et soll och op Rassen ëmgestallt ginn, déi d’Ëmwelt manner belaaschten. Dëst geet net ouni d‘Ënnerstëtzung vum Staat.
Aktiv Bauere solle beim Landkaf fir d’Produzéiere vu Liewensmëttel par rapport zu Investisseuren bevirdeelegt ginn. A Lëtzebuerg läit d‘Amortisatiounsdauer vum Land aktuell bei iwwert engem aktiven Beruffsliewen. Mir proposéieren och méi Flexibilitéit am Prozentsatz (aktuell 4%) vum Broochland ofhängeg vum Standuert. Momentan ginn ertragräich Standuerter onnéideg brooch geluecht wëll den Prozentsatz sech net op den Standuert mee reng op d’Fläch bezitt ouni weider Parameteren an Betruecht ze zéien.
FOKUS wëllt de weideren Ausbau vun Biogasanlagen (Individuell oder Kooperative bei Bauerebetriber) mat staatlecher Hëllef. D’Ofwiermt vun der Biogasanlag kann als Fernwärme genotzt ginn an doriwwer eraus lokal Stroum produzéieren. Gläichzäiteg kann ee mat Hëllef vu neie Reakteren den Ammoniak aus der Gülle a Flëssegdünger ëmwandelen an doduerch méi präzis düngen. De ofhängeg vum Düngerpräis, dee staark variéiere kann. Dëst wäert duerch d’Hierstellen vum Flëssegdünger anengems, duerch manner staark Nitratbelaaschtung, en positiven Impakt op eis Quellen/Grondwassser hunn.
Méi Biolandwirtschaft woen
Déi biologesch Wirtschaftsweis ass eng Form vun der Landwirtschaft, déi qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel am Respekt vun den natierleche Ressource produzéiert. Dës nohalteg Landbewirtschaftung muss kontinuéierlech weiderentwéckelt an duerch innovativ Fuerschungsusätz, Wëssenstransfer a Berodung verbessert ginn.
Biologesch landwirtschaftlech Produktioun soll aktuellen Ziilvirstellunge no 20 Prozent vun der Gesamtprodutkioun ausmaachen. Dovunner gëtt aktuell just ronn een Drëttel erreecht. D‘Landwiirt brauche Motivatioun an Unerkennung derbäi, sech fir Bioproduktioun ze entscheeden. Miessbar ekologesch Leeschtunge vun der Landwirtschaft musse monetär bewäert an duerch ee Bonussystem honoréiert ginn.
Biolandwirtschaft ass aktive Waasserschutz. De Verzicht op chemesch-synthetesch Pestizider an op mineralesche Stéckstoffdünger soll duerfir belount ginn, zum Beispill bei den Ausgläichspaiementer fir Flächen an de Waasserschutzgebidder.
Eng spiirbar Verbesserung vun der der Kommunikatioun iwwer d’Virdeeler vun der Biolandwirtschaft ass néideg. “Bio” muss Deel vun der „Normalitéit“ ginn, an der Politik esougutt, wéi am Ëmfanne vun de Konsumenten. Dat geet net ouni eng längerfristeg, geziilte Promotiounscampagne.
FOKUS seet kloer an däitlech: Lëtzebuerg muss ëmmer, a kann nëmmen, op der Säit vum internationale Recht stoen. Op de Krich an der Ukrain applizéiert, heescht dat: Lëtzebuerg muss ferm un der Säit vun der Ukrain an de Mënschen do stoen. Lëtzebuerg weess ganz gutt, an déi historesch Erënnerung dauert un, datt Iwwergrëffer vu grousse Noperen eppes Schreckleches fir Land a Leit sinn.
Duerfir wëllt FOKUS och, datt Lëtzebuerg intensiv d’Republik Moldau ënnerstëtzt. Dëse Staat brauch all Hëllef, déi d’Europäesch Unioun ka liwwere, fir seng Institutiounen a seng Gesellschaft viru russescher Sabotage an Ëmstuerzversich ze schützen. Lëtzebuerg muss aktiv derzou bäidroen, datt Moldau net dat nächsten Ziil vu russescher Agressioun gëtt.
Lëtzebuerg weess och, datt eis Abettung an déi europäesch Friddensuerdnung, an déi westlech Wäertergemeinschaft, an an déi atlantesch Verdeedegungsstrukturen d’Viraussetzunge vun eisem gesellschaftlechen a wirtschaftlechen Erfolleg nom Zweete Weltkrich waren. Wien dat a Fro stellt, huet net begraff, datt e puer Honnertdausend Leit op engem Territoire vun der Gréisst vun engem franséischen Departement ouni Fridden an ouni militäresch Sécherheet bannent enger grousser Allianz näischt géifen zielen.
Eis Aussepolitik kann nëmmen eng sinn, déi ëmmer nees an iwwerall d’Recht op Selbstbestëmmung vun all Land an all Natioun ënnerstëtzt an héich hält. Ouni dëst Recht géif et eist Land net. Grad mir mussen all anerer Natioun dat selwecht Recht net just zougestoe, mee et verdeedegen an déi Natioune staark ënnerstëtzen, deenen hiert Recht op eng selbstbestëmmten Zukunft a Fro gestallt ass. Dozou gehéiert selbstverständlech och ëmfangräich militäresch Hëllef.
Lëtzebuerg brauch Awanderung. Vun deene wäit iwwer 10.000 Leit, déi all Joer op Lëtzebuerg komme, fir hei ze schaffen an ze liewe, sinn der ëmmer méi net aus der Europäescher Unioun, mee aus Drëttlänner. Eis Wirtschaft, besonnesch déi wirtschaftlech Innovatioun, géif ouni si net méi funktionéieren. Dat bedeit, datt et noutwenneg ass, optimal Konditiounen, awer och strikt Kriterien ze schafen, ënnert an no deene Mënschen aus Drëttlänner dauerhaft kënnen op Lëtzebuerg kommen. Fir deen Zweck wëll FOKUS, datt uechter d’Welt Ulaafstellen ageriicht gi, fir Leit, déi sech wéilten zu Lëtzebuerg professionell néierloosse, wou se a Kontakt kënne komme mat Betriber, déi besonnesch qualifizéiert Mataarbechter sichen. Deene betraffene Mënschen hir legal Awanderung soll vun do aus organiséiert ginn.
An Europa gëtt eng restriktiv Awanderungspolitik praktizéiert, fir déi FOKUS keng Alternativ gesäit. Am Prinzip muss awer gëllen: ween an d’Europäesch Unioun wëll awanderen, an do eng längerfristeg Aarbechtsperspektiv huet, muss dat kënne maachen. Europa däerf sech net als Festung inszenéieren.
Fir vill Mënschen aus Krisegebidder bleift Europa, an domat och Lëtzebuerg, de Kontinent vun der mënschlecher Dignitéit, de Mënscherechter, der liberaler Demokratie an dem fräie Liewen. Dat ass d’Séil vun dësem Kontinent. Et bedeit och, datt mir Mënschen hei wëllkomm heeschen, déi op der Flucht sinn. D’Grënn fir dës Flucht hu mir net ze bewäerten. D’Sich no engem würdege Liewen a Fräiheet war virun honnert Joer ee Grond fir vill Lëtzebuerger, fir hir Heemecht ze verloossen, si ass haut ee Grond, wuerfir Mënschen op Lëtzebuerg wëlle kommen.
FOKUS steet kloer fir eng Opnamperspektiv fir Leit, déi zu Lëtzebuerg wëllen e neit Liewen ufänken an sech an eiser Gesellschaft abréngen. Däer hir Regele gëlle fir jiddereen. Ween sech dorun net wëllt halen, besonnesch wann et ëm gläich Rechter fir Fra a Mann geet, d’Liewen a Fräiheet fir jiddereen a gesellschaftlech a reliéis Diversitéit, huet och näischt bei eis verluer.
Lëtzebuerger Aussepolitik soll verstäerkt mat Standuertpolitik a Standuertkooperatioun vernetzt ginn. Dat bedeit, datt mer als Land eng aktiv Diplomatie brauchen, deklinéiert och duerch eng Rei méi Botschaften, wéi mer der de Moment ënnerhalen. Och eng regelrecht Kooperatiounsdiplomatie drängt sech op. Lëtzebuerg ass ee groussen entwécklungspoliteschen Akteur, virun allem an Afrika. Do gi méi Botschafte gebraucht, fir eiser politescher Leeschtung ee Kader ze ginn, deen se reflektéiert – ee Chef de bureau als Vertrieder an enger afrikanescher Haaptstad geet duerfir net duer, egal wéi eng gutt Aarbecht en op der Plaz leescht. An et ginn Diplomate gebraucht, déi bewosst an aktiv eng Karriär an der „Kooperatiounsdiplomatie“ ustriewen.
Fir Fokus soll et eng Entwécklung a Richtung vu méi multilateralen Handelsofkommen tëschent liberalen Demokratië ginn. Vill Mënschen an Europa kucke ganz genee op déi Ofkommes, virun allem an de Beräicher vun der Landwirtschaft an de Liewensmëttel. Och d’Existenz vu Schiedgeriichter gëtt dacks kritiséiert, als eng Form vu privater Justiz, déi klenge Betriber a Konsumenten net zegutt kënnt. Dës Zweiwel mussen eescht geholl ginn. FOKUS wëllt, datt grondsätzlech bei Liewensmëttel driwwer nogeduecht gëtt, ob déi an esou Handelsaccorden erapassen. Konsumente bei eis solle wëssen, datt ee Produkt vun 10.000 Kilometer wäit ewech méi kascht, muss méi kaschten, wéi wann et aus der Groussregioun kënnt. Dat ass och Fërderpolitik vun europäescher Landwirtschaft a Wäibau.
FOKUS wëllt, datt Lëtzebuerg sech, am Idealfall net alleng, eng Gesetzgebung iwwer Kontrollen an Iwwerwaachung vu Mënscherechter an de Liwwerkette gëtt. Fir de Standuert Lëtzebuerg, mee allgemeng fir de Standuert Europa – an d’Unioun huet eng exklusiv Kompetenz an der Handelspolitik – wier dëst eng zousätzlech Stäerkt, an et géif och d’Vertraue vun de Konsumente stäerken.
FOKUS wëllt, datt Lëtzebuerg weltwäit féierend an der Kooperatioun bleift. A mir fuerderen, datt Kooperatioun endlech zu wierklecher wirtschaftlecher Entwécklung féiert, vun där och Lëtzebuerger an europäesch Entreprisen eppes kënnen hunn. Et gëtt eng akademesch Debatt iwwer der UNO hir „Sustainable Development Goals” an dorënner dee wichtegsten, d’Eliminatioun vun der Aarmut. Esou séier dëst Zil evident schéngt, esou séier ënnerscheeden sech d’Approche fir dohinne ze kommen. An all Kéier, wa vu „wirtschaftlecher Entwécklung“ riets geet, klammen déi op déi rhetoresch Barrikaden, déi behaapten, domat kéint ee keng Aarmut bekämpfen. FOKUS seet: nëmmen domat kann ee nohalteg d’Aarmut bekämpfen. Mir hätte gär, datt dëst zum leedende Prinzip vun der Lëtzebuerger Kooperatioun gëtt.
Zwee vun eise Partnerlänner am Sahel, Mali a Burkina Faso, si mëttlerweil militäresch Transitiounsregimer mat enger fir eis vëlleg inakzeptabeler Präsenz vu russesche Wagner‑Mercenairen. FOKUS wëllt, datt d’Lëtzebuerger Kooperatioun an deene Länner reorientéiert gëtt. Humanitär Hëllef bleift ëmmer méiglech, mee weder déi allgemeng Sécherheetslag nach déi politesch Perspektiven erlaben de Moment eng konsequent Kooperatioun um Terrain. Dofir wir et gutt, eis Kooperatioun op Secteuren ze axéieren, déi laangfristeg de Statsopbau an de Fortschrëtt vun der Gesellschaft festegen, notamment am Beräich vun der Energieversuergung an Elektrifizéirung.
Eng aktiv Implikatioun, iwwer Krediter vun der Kooperatioun, an déi propper Energiegewannung an Afrika schaaft fir Lëtzebuerg nei Méiglechkeete vun der Unzéiung vu Betriber a Fongen, déi an deem Beräich aktiv sinn. Esou géif eist Land selwer mat vun enger fir Afrika kruzialer Entwécklung profitéieren, déi hei ugeluechten Fonge kéinten ëmgedréint nees an Afrika investéiert ginn. Sou stellt FOKUS sech wirtschaftlech Entwécklung vir. Esou kann Aarmut dauerhaft bekämpft ginn: mat enger moderner, emissiounsfräier Industrie, entspriechenden Déngschtleeschtungen, qualifizéierten Aarbechtsplazen an der erfollegräicher Implikation an international Handelsstrukturen. Mir wëllen, datt Lëtzebuerg dëse Wee zesumme mat neie Partnerstaaten, zum Beispill Mauretanien, beschreit.
D’Sahel-Staate bräichten dréngend eng Finanzinfrastruktur, déi mat Banken a formaliséierten Iwwerweisungen dem Terrorismus a senger Borgeld-Finanzéierung ka bekämpfen. Do rondrëm sollt ee grousse Programm fir eis Partnerlänner am Sahel opgeluecht ginn – och fir déi, an deenen déi konkret Aktivitéit am Moment net méiglech ass.
Fokus wëll, datt eist Land ee neit Kompartiment a senger Kooperatioun géif schafen, fir kleng an aarm Inselstaate bei hiren Efforten ze hëllefen, fir dem Klimawandel ze begéinen. Schutz virum Waasser ass do eng vital Erausfuerderung, awer och den Ëmbau vun der gesamter Infrastruktur. E puer Honnert Milliounen Euro Investissement kéinte fir Honnertdausende Leit am Pazifik dee wesentlechen Ënnerscheed tëschent Liewen an Dout ausmaachen.