FOKUS - gerecht gewënnt !

Eist Zil an eis Wäerter

Mat FOKUS wëlle mir d'Aart a Weis wéi Politik gemaach a vum Bierger erlieft gëtt nei definéieren an ëmsetzen. Mir maache Politik fir all Generatiounen

Eist Zil

Fir eis ass eng breet Participatioun un de politesche Prozesser d’Grondviraussëtzung fir eng gelieften Integratioun. D’Gesellschaft vu Lëtzebuerg entwéckelt sech esou villschichteg an divers, datt mir nei Grondlage fir e Versteesdemech a e Matenee schaffe mussen. Mateneen, net niefteneen.

Ab dem Waljoer 2023 wëlle mir duerch eng staark Positioun an der politescher Verantwortung de Reformstau evakuéieren dee sech déi lëschte Joren ugesammelt huet a mat neie Leit, Iddien a Konzepter eist Land no virbréngen. Fir eis Visioun ze realiséieren, siche mir zesumme mat de Biergerinnen a Bierger, no éierlechen an ausgeglachene Léisungen.

Eis politisch Wäerter

Mir sti fir :

  • de Respekt vun der individueller Fräiheet, déi zesummegeet mat dem Respekt fir de Matbierger an der Eegeverantwortung
  • d’Bewosstsinn ëm Verantwortung a Verflichtungen, déi den demokratesche Rechter a Fräiheeten zougeuerdent sinn. Et gëllt: jidderengem seng eege Fräiheet hält do op, wou se ufänkt, deem anere seng anzeschränken
  • de Schutz vum Eenzelen an der Allgemengheet duerch e Staat, deen effikass Moyenen huet, fir Recht duerchzesetzen
  • d’Chancëgläichheet a Chancëgerechtegkeet fir jiddereen
  • déi onwidderufflech Verankerung vun eisem Land an der Europäescher Unioun, déi mer mat geschaf hunn, an duerch déi Lëtzebuerger Souveränitéit eréischt ee moderne Sënn kritt

contact@fokus.lu

Kontaktéiert eis iwwer EMAIL
Eis Büroen sinn op vun
Méindes - Freides : 9:00 - 17:00
Samschdes a Sonndes si mir zou
Eis Adress
69, rue de l'Êglise
L-4552 Niederkorn
contact@fokus.lu

WebMaster Gary Kneip & Claus Nehring

Fokus Newsletter