Komm mir sichen no Léisungen déi sech net am Detail verléiere mee e grousse politeschen Entworf duerstellen, deen am Respekt vun alle Mënschen am Land, hirer Liewenssituatioun an hirer Liewensleeschtung entwéckelt gëtt.
Et soll net méi laang “gekuckt, gemengt, studéiert, analyséiert, gepréift an ugeduecht ginn”, mee endlech nees: gemaach. An ze villen Domaine ass vill Zäit vergaangen, ouni datt kloer Ziler erreecht goufen.
Dat betrëfft eise Schoulsystem, d’Strukturen an d’Institutioune vum Staat, d’Steierlandschaft, de Logement an d’Mobilitéit.
Mir sinn der Iwwerzeegung, datt eng aner Politik méiglech ass. Eng déi versicht all d’Mënschen am Land ze erreechen, an si mathëlt.
Eng, déi däitlech mécht, datt de Rechtsstaat sech net a Fro stelle léisst, an datt jiddereen an der Gesellschaft net just Rechter, mee och Flichten huet, an datt jiddereen och een Deel Verantwortung fir all déi aner dréit.
Eng, déi Engagement fërdert, sief et an der Famill, am Veräin, an der Suerg ëm déi méi Schwaach, an engem neien nationalen Déngscht oder an der kommunaler a nationaler Politik. Eng Politik, déi eng wierklech Biergergesellschaft entstoe léisst, déi sech net iwwer Konsum definéiert, mee iwwer Participatioun.
Mir wëllen déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit mat Determinatioun a mat Courage ugoen.
Mir gesinn den technologeschen a wëssenschaftleche Fortschrëtt dobäi als wichteg Viraussetzung fir d´Erausfuerderungen déi sech Lëtzebuerg, Europa an der Welt stellen ze meeschteren.
Dofir muss d´Fuerschung ënnerstëtzt ginn an d´Wësse vun de Fachleit an dem politeschen Discours eng méi grouss Bedeitung kréien.
Fir d´Erausfuerderunge kennen unzegoen, brauch et e grousse politesche Konsens an d´Ënnerstëtzung vun der breeder Gesellschaft.