FOKUS - gerecht gewënnt !Fokus op de sozialen Index

Den Index zu engem effikassen a sozial méi wierksamen Instrument maachen

Wann alles méi deier gëtt

Ee Bäitrag zur Diskussioun iwwer d'Kafkraaft a de sozialen Ausgläich

Zënter Méint erliewe mir, datt d’Inflatioun substanziell klëmmt. Si mécht dat net zulescht ënner dem Androck vun drastesch steigenden Energiepräisser. Doriwwer eraus huet och eng héich Demande no der Pandemie, déi op  iwwerengpäss an de globale Versuergungskette stéisst, en Afloss op d’Deierecht.

Zu Lëtzebuerg gläiche mir inflatiounsbedéngte Kafkraaftverloscht duerch de Mechanismus vum Index aus. Dësen ass  awer wäit dervun ewech, jidderengem seng Kafkraaft gläichermoossen ze kompenséieren. Am Géigendeel : um ënneschte Lounniveau bréngt en netto manner bei d’Leit zréck, wéi si duerch d’Inflatioun verluer hunn. Um aneren Enn vun der Lounskala bréngt en méi Akommes, an engem Mooss, wat ganz wäit iwwer d’Kompensatioun vum Kafkraaftverloscht eraus geet.

D’Index-Diskussioun kann ee wäit faassen. Si beschränkt sech net op de Mechanismus u sech, mee beinhalt och d’Fro, ob an Zäite vu längerer héijer Inflatioun all Tranche ausbezuelt soll ginn, a wéini. Déi Froe kënnen zu engem gudden Deel duerch eng Index-Reform net beäntwert ginn. Wichteg ass eis virun allem de soziale Charakter vum Mechanismus selwer. Wéi vill Lëtzebuerger Errongenschafte gëtt den Index an der ëffentlecher Debatt dacks quasi sakraliséiert. Fokus wëllt beschreiwen, datt dat fir en eigentlech sozial wéineg effikasst Instrument ze vill der Eier ass – an, datt den Index-Mechanismus u sengem eigentlechen Zil erlaanscht funktionéiert.

Mir wëllen dat änneren.

Dësen Diskussiounsbäitrag vu Fokus soll bewierken, datt sech mat der Noutwennegkeet vu wierklecher Kafkraaftkompensatioun ausernee gesat gëtt, a virun allem mat der Notioun vu sozialem Ausgläich. Wann deen ee netto manner kritt, wéi e verluer huet, an deen aneren zéngmol méi, obwuel e just ee ganz klengen Deel dovunner virdrun u Kafkraaft agebéisst hat, dann ass dat en onhaltbaren Zoustand.

Et kann anescht gemaach ginn. Fokus beschreift eng méiglech Reformpist, fir den Index zu engem effikassen a sozial méi wierksamen Instrument ze maachen.

Fokus op de sozialen Index

De sozial ongerechten Index vun haut

Fokus fënnt, datt den Index vun haut sozial ongerecht ass.

Esou kritt eng Persoun déi den onqualifizéierte soziale Mindestloun (SSM) vu 2.256 € Brutto pro Mount verdéngt, eng Hausse vu 56 € Brutto am Mount, deen awer 6 mol méi verdéngt, also 13.536 € Brutto, kritt och 6 mol méi bei der Pai bäi, nämlech 339 € Brutto. Domat geet d’Schéier an de Paie weider ausernaner!

Eng weider Problematik betrëfft déi sougenannten “kal Progressioun“, déi doduerch entsteet, datt d’Steiertabellen net mat den Indextranchen ugepasst ginn. Konsequenz ass, datt de Staat bei jidder neier Indextranche méi Steieren anzitt, wat eng Steiererhéijung duerch d’Hannerdier ass.

Dobäi kënnt, datt wann den Wäert vum Wuerekuerf ëm 2.5% Netto an d’Luucht geet, d’Indextranche, déi dës Hausse kompenséiere soll dat net mécht. Als Beispill huele mir e Jonggesell deen 3.000 € Brutto am Mount verdéngt, wat him 2.431 € Netto mécht. No enger Indextranche vun 2.5% huet de Salarié dann 3.075 € Brutto an 2.479 € Netto. Vun den 2.5% Brutto kommen also just 1,97% Netto bei him un, seng Kafkraaft geet erof, trotz Index.

E wierklech sozialen Index - fir ongeféier 93% vun de Stéit

Eise Modell bezitt sech op dat gesamten Akommes (aus der Aarbecht) vum Stot, esou wéi och d’Sozialkäschten an d’Steieren et maachen. Eis Zuele baséieren op der Steier-Etude vum Sozial- a Wirtschaftsrot vun ufanks 2022.

Fokus wëll, datt e Stot mat engem Akommes, dat dem onqualifizéierte Mindestloun entsprécht, net nëmmen 2,5% Brutto pro Indextranche bäikritt, mee eppes iwwer 3% Brutto. Duerno geet dëse Wäert progressiv, a Funktioun vum Akommes, erof, fir bei engem Brutto vun 110.000 € bei 2,5% Brutto ze leien.

Mat eiser Propos, kréien also ongeféier 93 % vun de Stéit méi, 6% e wéineg manner wéi haut (als Suen, nach ëmmer méi wéi genuch, och no de Steieren), an 1% vun de Stéit kritt effektiv näischt bäi. Do si mer awer an Akommeskategorie vun 250.000 Euro d’Joer a méi, wou et genuch aner Méiglechkeete ginn, fir de Loun ze verhandelen.

Fir nach emol op eist Beispill vum Jonggesell zeréck ze kommen, deen 3000 € Brutto am Mount verdéngt : dëse kritt mat eisem sozialen Index net déi 1,97% Netto (aus den 2.5% Brutto) bei, mee 2.5% Netto, verléiert also esou näischt vu senger Kafkraaft. E Stot aus der Klass 2 mat engem Akommes vun 3.000 € Brutto am Mount, kritt haut mat enger Indextranche 2.2% Netto méi an der Pai. Mat eisem Virschlag kritt dëse Stot dann 2.8% Netto, e Véierel méi.

Parallel dozou fuerdere mir eng Upassung vun der Steiertabell mat jidder Indextranche, fir déi uewen beschriwwen “kal Progressioun” ze verhënneren.

An d'Säit vum Employeur ?

Fir den Employeur soll sech mat eiser Propos näischt änneren. Wann hie vill niddreg Paien huet, fir déi den Index méi héich wéi déi 2,5% ass, da kritt hien iwwer eng nei Mutuelle oder eng bestoend (z.B. Mutualité des Employeurs) dës zousätzlech Käschte kompenséiert. Am Géigendeel dovun, wann hie vill héich Paien huet, a manner un Index ausbezuele soll, da muss hien dat “Gespuerten” an d’Mutuelle abezuelen, e Null-Summespill also.

An dëse schwieregen Zäiten, kënnen e puer Indextranchë séier hannereneen ufalen an esou d’Inflatioun verstäerken. Fir an där Situatioun d’Employeuren ze entlaaschten, kann eise Virschlag duerch eng Subventioun déi de Staat, de Steierzueler also, an d’Mutuelle mécht, erweidert ginn.

Alternativen... net wierklech !

De “gedeckelten Index”, deen de Jean-Claude Juncker 2013 an d’Diskussioun bruecht hat, ass fir Fokus kee sënnvolle Wee. Dee reduzéiert just selektiv den Impakt vun enger Indextranche fir eng Rei vun Employeuren ouni awer sozial Elementer anzeféieren.

Mir wëllen och d’Diskussioun iwwer d’Zesummesetze vum Wuerekuerf net opmaachen, well och dat kaum zu méi sozialer Gerechtegkeet féieren wäert.

Eis Propos bedeit e Richtungswiessel am Indexsystem a féiert zu méi sozialer Gerechtegkeet a Solidaritéit. Dofir sëtze mir eis an.

contact@fokus.lu

Kontaktéiert eis iwwer EMAIL
Eis Büroen sinn op vun
Méindes - Freides : 9:00 - 17:00
Samschdes a Sonndes si mir zou
Eis Adress
69, rue de l'Êglise
L-4552 Niederkorn
contact@fokus.lu

WebMaster Gary Kneip & Claus Nehring

Fokus Newsletter