Der ëffentlecher Schoul mei Wäert(er) ginn

Der ëffentlecher Schoul mei Wäert(er) ginn

1) Aktuell Situatioun:

Gratis Kannerbetreiung, gratis Mëttegiessen, gratis Hausaufgabenhëllef…….

Wat 2013 ugefaangen huet als eng Serie vu néidege Reformen, well d´Aarbechtswelt an d´Familljeliewen sech verännert haten, ass 2022 zu enger Doktrinn ginn, wou just nach ee Familljebild ënnerstëtzt gëtt. Mat Konsequenze vum klengsten Alter bis an d´Jugend.

Dat neit gesellschaftlecht Bild ass dat vun 2 Vollzäit beschäftegten Elteren, déi mussen op staatlech gratis Servicer zeréckgräife fir d´Betreiung vun hire Kanner. D´Eltere ginn zu engem groussen Deel aus der Verantwortung geholl, ob si wëllen oder net. D´Betreiungsstrukture sinn an de leschte Joren doduerch ëmmer méi beusprocht ginn an op ville Plaze leit d´Qualitéit vun der Betreiung, respektiv d´Leit um Terrain ginn dem groussen Undrang nëmmen nach schwéier meeschter. D´Verantwortung an den Aarbechtsopwand vum Personal ass enorm. Genausou wéi d´Käschte vu gratis Betreiung, gratis Mëttesiessen, gratis Hausaufgabenhëllef etc.. Problemer/Spezifesch Besoinen bei de Kanner huelen zou, de Kontakt Schoul-Eltere gëtt méi schwiereg. Wann d´Servicer gutt funktionéiere loossen sech déi Problemer fréizäiteg erkennen an entgéintwierken. Op ville Plazen ass dat awer nëmme schwéier méiglech.

Vill Problemer gi weidergeschleeft bis an de Lycée. Do ukomm stellt sech eraus dass vill Eltere selwer nëmmen nach ganz schwéier un hir Kanner erukomme, respektiv vill Eltere sinn an engem Mooss gewinnt, dass de Staat hire Rôle iwwerholl huet, dass si fir Enseignanten a Servicer nëmmen nach schwéier erreechbar sinn. Vill Problemer gi weidergereecht an net richteg opgeschafft. D´Wuelbefannen vun de Kanner an enger Gesellschaft, déi ëmmer méi onperséinlech a stresseg gëtt, leit. Duerch déi automatesch Promotioun am Enseignement général ginn d´Kanner hire Wee weider bis op 5ème, onofhängeg vun de Problemer, déi sech usammelen. Spéitstens do lafe vill Schüler widder  eng Mauer. D´Orientéierungsméiglechkeeten si limitéiert. Vill Schüler redoubléieren da „fräiwëlleg“ zu engem Moment, wou sech scho vill Problemer ugesammelt hunn. Anerer ginn „als leschten Auswee“ an d´Formation professionnelle orientéiert, wou verschiddener an Zukunft ( Schoulflicht bis 18 Joer) hänke bleiwen an riskéieren ouni Diplom do ze  toen.

2) De Constat am Resumé:

  • De Staat iwwerhëllt ëmmer mei d´Roll vun den Elteren
  • Vill Betreiungsstrukturen sinn iwwerfëllt
  • Den Aarbechtsopwand/Stressfaktor vum Personal ass grouss
  • Ëmmer méi Strukturen mussen geschaf ginn fir Kanner mat spezifeschen Besoinen
  • d´Orientéierungsprozeduren zum Schluss vum Fondamental féieren zu villen Diskussiounen mat den Elteren an net ëmmer zu der beschter Orientéierung fir d´Kanner
  • Am Lycee (général) ukomm ginn d´Kanner bis op 5ème weidergereecht
  • Leeschtung gëtt net wierklech belount
  • Vill „fräiwëlleg“ Redoublementer op 5ème
  • Vill disziplinaresch Problemer. Enseignanten an Direktiounen deenen ëmmer méi d´Hänn gebonnen sinn
  • Genau Zuelen zu Gewalt an Drogeproblematik an de Schoulen feelen
  • Schoulflicht bis 18 wärt déi Jonk zwar an der Schoul halen, vill Jonker wiesselen awer e puer mol d´Formatioun a  kommen trotzdeem net richteg weider
  • Donieft huet de Staat ugefaangen den Enseignement „à la carte“ auszebauen. International Schoulen entstinn an enger grousser Unzuel a schafe parallel an oniwwersiichtlech Schoulrealitéiten. D´Konkurrenzsituatioun ënnert de Schoule gëtt verstäerkt, ee kloren Plang fir déi ëffentlech Schoul feelt an dat op Käschte vum sozialen Zesummenhalt.
  • D´Digitaliséierung fënnt ëmmer méi statt. Gratis I-Paden si längst eng Realitéit. Nieft der duerchaus sënnvoller Idee fir d´Benotze vun digitale Medien an der Schoul ze vermëttelen ass awer och hei eng Doktrinn entstanen, an där Elteren a Kanner ëmmer méi an enger digitaler Welt festgestréckt ginn. „Vereinsamung“ gëtt verstäerkt, digitale Mobbing hëlt zou, de Kontakt mat Frënn hëlt of, wéineg Schlof,..Ee pedagogescht Konzept fir den Asaz vun den I-Paden huet vun Ufank un gefeelt.
  • D´Politik selwer huet déi lescht Jore quasi keng Impulser méi gesat fir de Problemer entgéint ze steieren. Ëffentlech gëtt d´Politik als alternativlos duergestallt. D´Kommunikatioun mat de Gewerkschaften ass um Nullpunkt ukomm. Den Dialog mat den Enseignanten huet net méi stattfonnt. Proposen, Virschléi a Kritik vum Terrain ginn net eescht geholl.  An der Chamber fanne keng déifgrënneg politesch Diskussiounen iwwert de Schoulsystem méi statt.

3) Wat wëll Fokus?

Fokus wëll/kann d´Zäit net zeréckdréien..an awer e puer Schrauwen dréien, déi déi akut Problemer behandelen. Dozou gehéiert an enger éischter Phase d´Bekenntnis zu der allgemeng ëffentlecher Schoul an déi voll Ënnerstëtzung fir all d´Acteuren déi an der Bildung intervenéieren. Méi konkret wëlle mir:

A) Betreiung-Schluss mam eensäitegen Modell:

Den aktuelle System soll net komplett verschwannen, well vill Eltere wëllen/mussen drop zeréckgräifen. ZOUSÄTZLECH wëlle mir awer och déi Elteren ënnerstëtzen déi hir Kanner wëlle/kënne op hirem Parcours begleeden an Zäit mat hinne wëlle/kënne verbréngen. DOFIR: Aféieren vun enger Elterenzäit. 80% schaffe fir Papp AN Mamm (bis d´Kand an de Lycée geet) bei Lounausgläich. Dofir huet ee manner Recht op gratis Servicer (an awer mei Zäit fir seng Kanner). Eng Méiglechkeet op Aarbechtszäitreduktioun soll och fir allengerzéiend Elteren geschaf ginn.

Konsequenz:

  • Staatlech Betreiungsstrukturen an d´Personal ginn entlaascht duerch dësen alternative Modell (deen eng Optioun ass, keng Obligatioun).
  • Besser Qualitéit an de Strukturen.
  • Positiven Effekt op d’Wuelbefannen vun de Familljen/Kanner (cf. I)
B) Kommunikatioun-de nationalen Konsens sichen:
  • Reegelméissegen an zielorientéierten Austausch mat den Acteure muss erëmbeliewt ginn (zB. Assises de l’enseigenement/de la formation professionnelle). Zilsetzung ass eng Educatiounspolitik am gréisstméiglechen nationale Konsens.
  • Ausschaffe vun 10-Jorespläng mat den Acteuren um Terrain, mat de Gewerkschaften a mat de politesche Parteien, déi an der Chamber vertrueden sinn. Dësen Plang, deen déi grouss Linnen (keng Detailer) a Prinzippien vun der Educatiounspolitik festhält, soll vun enger Majoritéit vun de Parteien an der Chamber matgedroen ginn.  Educatiounspolitik dierf kee politëschen Spillball sinn, deen all puer Joer d´Säit vum Terrain wiesselt. Grouss Linne mussen zesummen definéiert ginn.
  • Ëffentlech Schoul stäerken duerch besser an éierlech Kommunikatioun no baussen.
C) Orientéierung-déi ëffentlech Schoul stäerken:
  • International Schoulen fir déi Kanner, fir déi et wierklech Sënn ergëtt..an net „à la carte“.
  • Alphabetiséierung am Fondamental op Däitsch a Franséisch fir gläich Chancen.
  • Den Bewäertungssystem am Fondamental vereinfachen. Ab dem Cycle 3 soll eng Bewäertung mat Punkten  stattfannen, déi präzis an einfach ze verstoen ass an och am Lycée d´Basis fir d´Bewäertung duerstellt.
  • Iwwerschaffen vun den Orientéierungsprozeduren zum Schluss vum Fondamental. D´Zesummenaarbecht vun Enseignanten aus dem Fondamental a Secondaire verstärken fir eng besser Orienteierung.
  • Aféierung vun engem optionalen Opnahmexamen fir Kanner, wou d´Elteren net mat der Orientéierung averstane sinn.
  • Keng automatesch Promotioun vun 7-5ème. Problemer mussen do behandelt gi wou se ufalen an net weidergereecht ginn.
  • Cours de base/cours avancé an den Haaptfächer muss am Enseignement général méi effektiv ëmgesat ginn. Schüler solle jee no Fach a Leeschtungsgrad zesumme kommen a gefërdert ginn.
  • Schoulflicht bis 16 an net 18 Joer
D) Bewäertung-och Wäerter sinn eppes wäert:

Zousätzlech zum Erëm-Aféiere vum obligatoresche Redoublement muss d´Applikatioun an d´Conduite eng mei wichteg Roll spillen. Manéieren, Respekt, Pünktlechkeet, Applikatioun, Disziplin sollen keng Randerscheinung op der Zensur sinn. Déi klassesch Bewäertung vun der Applikatioun/Disziplin mat „bien/mauvais“ muss erweidert an iwwerrschafft ginn, zB duerch ee Punktesystem. D’Wäerter mussen méi Wäert kréien.

E) Digitaliséierung-cibléiert asetzen:

Den Projet vun gratis I-Paden am cycle inférieur OUNI pedagogescht Konzept huet vill Problemer mat sech bruecht. Duerch d´Feelen vun engem nationalen pedagogeschen Konzept ass den I-Pad Projet an där Alterskategorie oft mat méi Problemer fir Elteren, Schüler an Enseignanten verbonnen wéi mat engem Notzen.

Cibléierten Asaz vun den I-Paden an deenen Klassen a Formatiounen wou et sech ubitt an dat op Basis vun engem pedagogeschen Konzept. Keng flächendeckend gratis I-Paden.

F) Handwierk-eng Ausbildung fir jiddereen:

Handwierksausbildung dierf net de leschten Auswee sinn. D´Unerkennung a den Oflaf vun der Formatioun hunn ënnert de ville Reformen an de leschte Joeren staark gelidden. De Bewäertungs- a Promotiounssystem sinn Deels ëmmer nach oniwwersiichtlech a komplizéiert. Eng éierlech Bewäertung vun der ganzer Formatioun mat den Acteure vum Terrain a Vertrieder aus der Aarbechtswelt ass neideg (cf.B).

Kanner a Schüler an allen Lycéeën (cycle inf.) an de Kontakt brénge mam Handwierk. Een Kenneléiere vun handwierkleche Beruffer. Verbonne mat der Unerkennung fir de Wäert vun där Formatioun.

Fir d´Formation professionnelle brauch een eng gutt Bewäertung an de „biergerlechen Wäerter“. D´Handwierk brauch Leit déi nieft dem Savoir-Faire ee Savoir-Vivre hunn.

Opwärtung vun Diplomer geet Hand an Hand mat enger gudder/besserer Ausbildung zum Handwierker.

G) Veräiner-Bildung ass méi wéi just Schoul:

Besser Zesummenaarbecht mat de Veräiner. Ëmdenken beim Benevolat. Verbesserung vun den Tansportméiglechkeeten. D´Schoul der Veräinswelt opmaachen.

H) Inklusioun a Wuelbefannen:
  • Etude zum Wuelbefanne weist d´Wichtegkeet vum familiären Ëmfeld (cf. A) an der Qualitéit vun den Betreiungsstrukturen. Des Qualitéit riskéiert ze leiden ënnert dem Zouwuess vun der Demande an der gratis Offer (cf. A)
  • Commission des aménagements raisonnables soll och am Fondamental zoustänneg gi fir Schüler mat spezifeschen Besoinen. Dëst zesumme mam Regionaldirekter, engem Schoulpsychologe an engem Enseignant vum betraffene  Schüler.
  • Inclusioun vu Kanner mat Handicap ass nach ëmmer keng Realitéit. Och hei ganz oft wéinst Manktem un Formatiounen fir Enseignanten an Manktem u qualifizéierten Begleetpersounen.

An der Press

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

contact@fokus.lu

Kontaktéiert eis iwwer EMAIL
Eis Büroen sinn op vun
Méindes - Freides : 9:00 - 17:00
Samschdes a Sonndes si mir zou
Eis Adress
69, rue de l'Êglise
L-4552 Niederkorn
contact@fokus.lu

WebMaster Gary Kneip & Claus Nehring

Fokus Newsletter